Vun en Donneschdeg u ginn déi éischt DAB+ Signaler vun Diddeleng iwwerdroen. Housen an de Jardin Napoléon wäerten an den Deeg duerno installéiert ginn.

Soubal den éischte Sender configuréiert a prett ass, ginn déi betraffe Radiosender am Modus “TEST” lancéiert. De ganze Mount November gëtt als Testphas genotzt, fir d’Installatiounen ënner reelle Bedéngungen ze iwwerpréiwen. Fir d’Redundanz an d'Stabilitéit vum DAB+-System ze testen, kann et och vereenzelt Ausfäll ginn, kuerz Ënnerbriechungen si méiglech.

Wichteg ass, datt dës Phas och wierklech just als Test ze verstoen ass. Aus dësem Grond wäerten déi betraffe Radiossender an dëser Zäit mat der Bezeechnung “TEST” ugewise ginn.

Wat ass DAB+?

DAB+ (Digital Audio Broadcasting Plus) ass den neien digitale Radio-Standard, deen nieft dem traditionellen FM-Empfang leeft. DAB+ erméiglecht eng besser Tounqualitéit, méi Statiounen um selwechte Frequenzband a stabillen Empfang och bei Beweegung, zum Beispill am Auto. Donieft kënnen och zousätzlech Informatioune wéi Titelen, Biller oder Noriichten iwwer den Display vum Radio ugewise ginn.

Den offizielle Start ass fir Ufank Dezember geplangt.

Weider Detailer kann een hei noliesen.