D'Police hat an der Nuecht op en Donneschdeg ënnert anerem mat enger Automobilistin ze dinn, déi zweemol op d'Aire de Berchem fuere wollt.

Enger Patrull war op der Aire de Berchem e Gefier opgefall, dat fir d'éischt op d'Tankstell fir Camionen an dunn a Richtung Autobunn gefuer war, fir do awer d'Kéier ze maachen, fir nees zréck bei d'Entrée fir op d'Aire ze fueren. Trotz bloe Luuchte vun der Police ass d'Automobilistin laanscht d'Beamte gefuer, éiert se gestoppt konnt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.

Bei enger Vitesskontroll op der Escher Autobunn gouf géint 1.30 Auer e Fuerer gestoppt, dee mat 115 amplaz vun den erlaabte 70 Kilometer an der Stonn ënnerwee war. De Permis war op der Plaz fort, e Pretekoll gouf geschriwwen an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.