Enk Relatioune weider verdéiwen, dat ass d‘Zil vun der aktueller Lëtzebuerger Wirtschaftsmissioun an de Vereenegten Arabeschen Emirater.

D‘Vereenten Arabesch Emiraten si bei Wäitem de wichtegsten Handelspartner vu Lëtzebuerg am Mëttleren Osten.
Dës Woch ass eng Wirtschaftsmissioun mam Ierfgroussherog Guillaume, dem nach Vize Premier Etienne Schneider a Finanzminister Pierre Gramegna zu Dubai an Abu Dhabi, fir d'Zesummenaarbecht weider ze verdéiwen. Well och d'Emirater a besonnesch Dubai sti viru groussen Erausfuerderungen.

Lëtzebuerger Delegatioun op Wirtschaftsmissioun
Enk Relatioune weider verdéiwen, dat ass d‘Zil vun der aktueller Lëtzebuerger Wirtschaftsmissioun an de Vereenegten Arabeschen Emirater.

Déi diplomatesch Relatioune feieren dëst Joer 40. Anniversaire. Zënter 2011 funktionéiert zu Abu Dhabi eng Lëtzebuerger Ambassade. D'Bezéiunge gëllen als enk. E Beweis dofir sinn déi vill Kontakter, déi et an de leschte Jore gouf. Zënter 2005 goufen et eleng 53 Visitten.

AUDIO: Lëtzebuerger Delegatioun op Wirtschaftsmissioun / Rep. Pit Everling (27.1.2020)

Ueleg gëtt et zu Dubai kee méi. Dofir huet ee scho viru Joerzéngten ugefaangen, d'Ekonomie ze diversifiéieren. Sech mat Tourismus, Finanzindustrie a verréckten Immobilie-Projeten en Numm gemaach. A sech gläichzäiteg a Verruff bruecht wéinst de schlechten Aarbechtskonditioune vun de Gaaschtaarbechter. Dee vill kritiséierte Kafala-System gouf 2017 ofgeschaaft, d'Aarbechtskonditioune verbessere sech lues a lues. Ma Dubai huet e ganz anere Problem. Et gëtt ze vill gebaut. D'Präisser vun de Wunnenge sinn am leschte Joer ëm 16% gefall. Déi héich Scholde riskéieren net kënnen zréckbezuelt ze ginn. Vereenzelt Acteure fuerdere souguer e Baustopp vun 2 Joer.

Am Moment dominéiert natierlech d'Weltausstellung zu Dubai, déi vun Oktober 2020 bis Abrëll 2021 wäert daueren. Lëtzebuerg ass jo mat engem eegene Pavillon present, do gëtt de Grand-Duché als Land vun de Ressourcë promovéiert. Lëtzebuerg hat am Oktober 2017 als éischt Land de Participatiounskontrakt ënnerschriwwen. 119 Lëtzebuerger liewen an den Emirater. D'Land ass aus 7 Emirater zesummegesat. Staatschef ass de Sheikh Khalifa bin Zayed Al Nahyan, deen och Premier an Emir vun Dubai ass.

D'Exporter vu Lëtzebuerg erfort sinn zënter 2015 an der Baisse, wat doru läit, datt d'Filial vun ArcelorMittal zu Dubai manner Stol vu Lëtzebuerg importéiert, ma éischter vu Produktiounssitten aus anere Länner.

Virun allem echangéiere béid Länner Zerwisser. D'Emirater sinn iwwerdeems de wichtegsten Handelspartner am Noen Osten. 20 Lëtzebuerger Firme sinn am Land present. D'Emirater sinn och e wichtege Partner vun der Lëtzebuerger Finanzplaz, notamment am Beräich Fongen.

Wat steet alles um Programm?

Um Programm vun der aktueller Missioun stinn ënnert anerem e Space-Seminaire, e Business-Seminaire eng Visitt am Finanzzenter vun Abu Dhabi an natierlech gi sech och d'Aarbechten um Lëtzebuerger Pavillon fir d'Weltexpo zu Dubai ugekuckt. D'Wirtschaftsmissioun dauert bis e Mëttwoch.

Zukunftsfondatioun a Weltraum-Agence

AUDIO: 1. Dag vun der Wirtschaftsmissioun zu Dubai (28.1.2020)

An den Emiraten eng eege Muséeskultur schafen. Hei zu Abu Dhabi huet ee jo éischter d'Gewunnecht, Filiale vu Louvre a Guggenheim opzemaachen. D'Inox-Verkleedung vum Musée vun der Zukunft besteet aus méi wéi 800 eenzele Stécker. Wéi den Numm et scho seet, wäert ee sech mat den Erausfuerderunge vun der Zukunft beschäftegen. Kënschtlech Intelligenz, Nohaltegkeet a Klimawandel... d'Wëssenschaft spillt hei eng grouss Roll a soll ee wichtege Pilier vun der nationaler Wirtschaft ginn. Och an Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg.

Khalfan Belhoul, CEO Dubai Future Foundation: "Den Himmel ass d'Limitt, wann een nei Iddien ausschafft. Mir sinn immens begeeschtert iwwert d'Visitt a geéiert, datt de Vize-Premier eis trëfft."

Direkt nieft dem Musée vun der Zukunft ass d'Dubai Future Foundation. E Startup Incubateur, deen e Méindeg mat Luxinnovatioun eng Absichtserklärung ënnerschriwwen huet, fir zesummen ze schaffen. An der der sougenannter Area 2071 soll Lëtzebuerg e Büro kréien.

Khalfan Belhoul, CEO vun där Zukunftsfondatioun:"Hei entsteet eng Plaz fir Lëtzebuerg. All Entitéiten, déi Lëtzebuerg zu Dubai vertrieden, kënnen dësen Espace notzen."

Lëtzebuerg an d'Emiraten hunn eng änlech Agenda punkto Nohaltegkeet. Bis 2050 wëll Dubai 50% vu sengem Energiebedarf duerch erneierbar Energien decken. 32.000 Elektro-Gefierer solle bis Enn 2020 op de Stroosse fueren.

A wéi Lëtzebuerg hunn och d'Emirater eng Weltraum-Agence. Zanter 2 Joer gëtt et och do e Partenariat. E Méindeg huet ee sech fir e Space Forum getraff. An nee, den Etienne Schneider, deem seng lescht Missioun dat hei jo als Minister ass, kann d'Rumeuren net confirméieren, dass hien nächsten Direkter vun der Europäescher Weltraum Agence ESA gëtt.

Communiqué

Mission économique aux Émirats arabes unis (27-29.01.2020)

Communiqué par: Service information et presse du gouvernement

Une mission économique, présidée par S.A.R. le Grand-Duc héritier, sera dirigée par le Vice-Premier ministre, ministre de l'Économie, ministre de la Santé, Étienne Schneider, du 27 au 30 janvier 2020 aux Émirats arabes unis (EAU), en présence du ministre des Finances, Pierre Gramegna. Une délégation d'affaires avec des représentants de plus de 80 entreprises luxembourgeoises relevant notamment des secteurs de la logistique, des technologies de l'espace et de la santé accompagne S.A.R. le Grand-Duc héritier et les ministres durant la mission qui fait station à Dubaï et à Abou Dhabi. La mission a pour objet de renforcer davantage les relations politiques et économiques entre les deux pays et de faire la promotion de la place financière luxembourgeoise dans la région.

Le Luxembourg entretient des relations bilatérales étroites avec les EAU, comme en témoignent les plus de 50 visites et contacts à haut niveau qui ont eu lieu. Cette année sera célébré le 40e anniversaire de l'établissement de relations diplomatiques avec les EAU qui sont de loin le plus important partenaire commercial du Luxembourg dans la région du Golfe.

Pour l'année en cours et en 2021, le point d'orgue de la coopération bilatérale du Grand-Duché avec les EAU sera la participation du Luxembourg à l'Exposition universelle à Dubaï organisée du 20 octobre 2020 au 10 avril 2021. Plus de 25 millions de visiteurs y sont attendus. Quelque 200 pays et organisations internationales y présenteront leurs idées et leurs solutions autour du thème: «Connecting Minds, Creating the Future».

En vue de renforcer les relations financières entre les deux pays et régions, S.A.R. le Grand-Duc héritier et le ministre des Finances, Pierre Gramegna, auront des réunions avec des membres du gouvernement des EAU. Par ailleurs, ils auront des entrevues avec des hauts responsables du secteur financier de la région.

Lundi 27 janvier 2020

Lors de la première journée de la mission, un accord de coopération sera signé entre Luxinnovation et la Dubai Future Foundation, l'agence pour l'innovation soutenue par le gouvernement de Dubaï pour accompagner la transformation technologique des EAU. Cet accord permettra e.a. aux startups et entreprises technologiques luxembourgeoises de bénéficier de programmes de développement et de financement locaux.

À Abou Dhabi, le ministre Étienne Schneider signera avec le ministre de l'Économie des EAU, Sultan bin Saeed Al Mansouri, un accord de coopération économique qui fait suite aux nombreux accords déjà existant entre les EAU et le Luxembourg. Ensuite, S.A.R. le Grand-Duc héritier et Étienne Schneider assisteront à un séminaire spécifiquement dédié aux investissements et financements dans le secteur spatial en présence du Dr. Ahmad Belhoul Al Falasi, ministre d'État pour l'Enseignement supérieur et président de l'Agence spatiale des EAU.

De son côté, S.A.R. le Grand-Duc héritier et le ministre des Finances, Pierre Gramegna, auront des réunions avec des hauts responsables du secteur financier et investisseurs de la région. Pierre Gramegna sera également reçu par son homologue Obaid Bin Humaid Al Tayer, ministre d'État aux Affaires financières des EAU.

Mardi 28 janvier 2020

La journée du 28 janvier, la délégation officielle assistera à un séminaire économique qui aura lieu à la Chambre de commerce et d'industrie à Dubaï. Organisé par la Chambre de commerce luxembourgeoise avec des partenaires locaux, cet événement permettra d'un côté de présenter l'environnement économique luxembourgeois aux milieux d'affaires émiriens et, de l'autre côtés, de montrer aux entreprises les opportunités d'affaires aux EAU, véritable porte d'entrée vers les marchés du Moyen-Orient.

Ensuite, S.A.R. le Grand-Duc héritier et le Vice-Premier ministre, ministre de la Santé, Étienne Schneider, visiteront le pavillon luxembourgeois au salon ArabHealth de Dubaï qui est considéré comme étant l'une des plus importantes plateformes au monde consacrées à l'industrie des soins de santé. 6 entreprises sont présentes sur le stand luxembourgeois.

Le deuxième jour de la visite sera également placé sous le signe de la promotion de la place financière luxembourgeoise. Pierre Gramegna aura une entrevue avec Arif Amiri, le CEO du Dubai international Financial Center. Il rencontrera par ailleurs des experts dans le domaine de la finance islamique.

Mercredi 29 janvier 2020

Lors de la troisième journée de la mission, S.A.R. le Grand-Duc héritier et les ministres Étienne Schneider et Pierre Gramegna visiteront le site du pavillon luxembourgeois à l'Expo 2020 Dubaï. Une série d'accords de coopération seront signés avec des acteurs émiriens et luxembourgeois pour assurer le bon fonctionnement du pavillon.
Ils rencontreront également le président-directeur général d'Emirates Airline & Group et président du Comité supérieur de l'Expo 2020, cheikh Ahmed Bin Saeed Al Maktoum.