
Datt een Aktiounsplang zu Lëtzebuerg néideg ass, ass fir de Psychiater, den Dokter Paul Hentgen evident, wann een d'Statistike kuckt, well do ass de Grand-Duché vir bäi. Souwuel um Niveau vum Pro-Kapp-Alkoholkonsum, wéi beim Konsum pro Woch oder pro Mount wéi een drëtte Krittär, dem sougenannten "bingedrinking", och dat ass e Phänomen wou Lëtzebuerg fir mat mëscht, sou den Dokter Paul Hentgen.