Aussoen op sozialen NetzwierkerËmweltministesch Carole Dieschbourg huet es genuch a schalt d'Justiz an

Pit Everling
D'Muffel-Thematik schéngt op de sozialen Netzwierker ausser Kontroll geroden ze sinn.
© www.facebook.com

Op alle Fall schreift déi gréng Politikerin um Mëttwoch de Moien op Facebook, datt een zwar kéint ënnerschiddlecher Meenung sinn, datt awer op Basis vu falschen Informatiounen zur Gewalt géing opgeruff ginn, an datt och nach politesch Parteien dat géingen ënnerstëtzen, dat kéint et net sinn. Domat sinn d’Piraten gemengt.

D’Carole Dieschbourg huet dofir verschidden Online-Posten un de Parquet weider ginn. Een Utilisateur war zum Beispill der Meenung, datt d’Ministesch sollt erschoss ginn. D’Carole Dieschbourg beléisst et bei den Informatiounen, déi si op Facebook schreift a wollt dat Ganzt eis géintiwwer um Mëttwoch de Moien net weider kommentéieren.

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen wollt dat awer maachen a kloer stellen, datt ee bei de Piraten esou Aussoen absolut net géing ënnerstëtzen an alles geläscht hätt, wat net korrekt wier:

Eise Muffel-Post hat méi Succès wéi mir selwer geduecht haten. Et geet jo ëm déi 1.000 Kommentar, wou verschidde Leit ganz emotional reagéiert hunn. Mir hunn direkt eise Moderatoren an dem Bee Secure déi néideg Uweisunge ginn, fir ze läschen, soubal eppes net korrekt ass, wat och gemaach gouf, wat awer bei 1.000 Kommentaren alt mol eng hallef Stonn oder eng Stonn kann daueren. Mir kruten dowéinst och vill Kritik, mir géinge Meenungen zenséieren an eis op d’Säit vun der Regierung a vun der Juegd stellen, wat natierlech net de Fall ass. Och wann d’Thema emotional ass, muss een nach ëmmer fair a korrekt bleiwen.

Extrait Marc Goergen

PDF: Schreiwes vun de Piraten

Back to Top
CIM LOGO