Lëtzebuerg ass solidareschRTL wëll och en Deel dozou bäidroen

RTL Lëtzebuerg
Solidaritéit gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer grouss geschriwwen, virun allem an dësen ongewëssen Zäiten.

Mir hunn zu Lëtzebuerg entretemps iwwer 600 Coronavirus-Fäll. Mir sinn do ukomm, wou et ufänkt, kritesch ze ginn a sinn an enger Situatioun, déi mer nach ni haten. De Virus ass do, mä d’Solidaritéit och.

Ganz spontan hu sech sëllege Gruppe vu private Leit gegrënnt, déi vulnerabele Persounen ënnert d’Äerm gräife wëllen a Support offréieren. Sief et, fir eng Ordonnance sichen ze goen oder mam Hond erauszegoen. Och mir versichen, d’Leit dobaussen z’ënnerstëtzen a bidden hinnen eng Plattform, esouwuel um Radio, wéi och op RTL.lu. Dir kënnt entweder Initiative virstellen, e Wonschlidd spillen oder Famill oder Frënn gréissen, déi een den Ament net besichen dierf.

Dir kënnt eis Är Aktioun oder Äre Wonsch eramelle via:
- Repondeur 1333
- Texter a Sproochnoriichten iwwer WhatsApp (621 666 555)
- Email op d’Adress solidariteit@rtl.lu

Wann Dir als Privatpersoun elo och eng Hëllef ubidde wëllt, da maacht dat wgl. via eng vun de schonn existéierenden Initiativen oder kommentéiert ënnert dësem Artikel. Mir kënne schlecht elo Nimm vu Privatpersounen hei verëffentlechen, déi och hëllefe wëllen, ouni dobäi och Emailadressen oder Telefonsnummeren unzeginn. Merci fir Äert Versteesdemech.

Déi lescht Informatiounen iwwert de Coronavirus fënnt een um Site vun der Santé. Wann Dir Hëllef ubitt, denkt un Är eege Sécherheet an Hygiène.

Hëllef vun de Gemengen

D’Gemeng Dippech proposéiert säit dem 19/03/20 zesumme mam CIGR « Hexemeeschter » eng Rei Zerwisser/Hëllefen fir eis vulnerabel Leit. Hei de Link fir op eis Solidaritéits-Rubrik, wou mir eise Service pour personnes vulnérables virstellen. Mir gi fir d’Leit an de Cactus akafen, ginn an d’Apdikt a liwweren wa néideg Valorluxtuuten heem.

D’Scoute Groussbus bidden de Leit aus de Gemengen Groussbus, Mäerzeg, Viichten, Wal, Useldeng, Préizerdaul, Réiden hir Hëllef un a gi fir déi vulnerabel Leit akafen.

D’Gemeng Diddeleng weist sech solidaresch mat hire Commerçanten a lancéiert d’Initiativ #MäinDiddeleng.

Déifferdeng
bitt fir Leit iwwer 80 Joer eng weider Hëllefsaktioun un. Déi betraffen eeler Leit gi vun elo un iwwer Telefon vun engem Grupp bestoend aus 30 Leit (Gemengenaarbechter, Sozialaarbechter a Léierpersonal) kontaktéiert. Zil ass et, dass déi Leit en Uspriechpartner an der Isolatioun hunn, heescht et am Schreiwes.

De Bartrenger Schäfferot huet decidéiert, datt si och hirem lokale Commerce hëlleft an, an deem Sënn déi betraffe Locataire finanziell ënnerstëtzt. 16 Kontrakter si vun der Hëllefsmesure concernéiert.

Zu Bartreng proposéiert d’Gemeng zanter e puer Deeg eng ganz Réi Hëllefe fir vulnerabel Léit. Eng dovun ass datt de Service d’Accueil vun der Schoul elo fir Risikopersounen an de Supermarché an an d’Apdikt akafe geet, an dës Wuer bei si Heem liwwert.

Gemeng Bartreng hëlleft vulnerabele Leit
Eng vun den Hëllefen ass datt de Service d’Accueil vun der Schoul elo fir Risikopersounen an de Supermarché an an d’Apdikt akafe geet, an dës Wuer

D’Gemeng Lenneng bitt och hir Hëllef un. Si maache Kommissiounen a gi Medikamenter an d’Apdikt fir d’Leit sichen.

D’Gemeng Fréiseng wäert vum 16. bis viraussiichtlech 29. Mäerz zoubleiwen. Fir administrativ Noutfäll soll ee sech iwwer Telefon um 23 66 84 08-1 oder per Email: secretariat@frisange.lu, biergercenter@frisange.lu oder technique@frisange.lu mellen. D’Gemeng respektiv aner Servicer bitt de Leit och Hëllef un.

PDF: Schreiwes vum Schäfferot Fréiseng

Back to Top
CIM LOGO