Wat maachen, wann een an der Isolatioun sëtzt a genuch Zäit huet? Et entwërft een T-Shirten ëm d'Thema Coronavirus a spent den Erléis fir e gudden Zweck.

Den Emmanuel Simon um Mikro vum Laurent Gillander

Dat huet sech och de Responsabel vu "Roudbréck" geduecht. Den Emmanuel Simon ass de Moment an der Tierkei an der Isolatioun, zanter 3 Wochen. Vun do aus verfollegt hien och d'Nouvellen hei am Land, ass besuergt, wëll sech engagéieren.

Mat senger Start-up an Onlinebuttek fir organesch a fair produzéiert Gezei a Gadgeten promouvéiert Roudbréck d'Lëtzebuerger Sprooch, dat Ganzt mat Witz a Satir. An der Isolatioun koum dunn d'Iddi, sech kreativ mam Coronavirus auserneenzesetzen. Doraus ass déi nei Kollektioun mam Numm "Solidaritéit" entstanen. Den Erléis dovu geet integral u Médecins sans Frontières, déi sech fir déi Leit asetzen, déi a Krisegebidder sinn a keen Accès zu enger uerdentlecher medezinescher Versuergung hunn.

Dës T-Shirten a Gadgeten appelléieren un d'Solidaritéit a sollen d'Leit zu méi Zesummenhalt an dësen Zäiten animéieren. Besonnesch awer soll mat de Messagen op den T-Shirten, mam Hannergrond vun der Spendenaktioun, dat medezinescht Personal Merci gesot kréien, fir hiert Engagement.

Bannent just 10 Deeg nom Lancement vun der "Solidaritéit"-Kollektioun koume schonn 950 Euro zesummen.