Centre de soins avancésZweet Filière fir Leit ouni Covid-Symptomer net sënnvoll, fannen Dokteren

Annick Goerens
Zanter leschtem Freideg fonctionéiere 4 sougenannten "centres de soins avancés" hei am Land.

An der Luxexpo an der Stad, an der Rockhal zu Esch, an der Däichhal zu Ettelbréck an am Centre Culturel zu Gréiwemaacher. Dës ersetzen d'Maisons médicales.
Fir potentiell Covid-19-Fäll sinn dës Zentren effikass. Fir all déi aner Leit, déi gesondheetlech Problemer hunn, awer éischter net sënnvoll, dat soen eng Rei Dokteren, déi an den Zentre schaffen.

2. Filière am CSA/Reportage Annick Goerens

All Mënsch, dee sech krank spiert, kann an den CSA, also den "centre de soins avancés" goen. Direkt an der Entrée gëtt een Triage gemaach an d'Leit ginn an zwou Filièren opgedeelt. Déi éischt Filière fir potentiell Covid-19-Fäll an déi aner fir Leit mat anere gesondheetleche Problemer. An dës 2. Filière, déi sougenannte propper Filière, bleift quasi eidel, erkläert eis den Dokter David Heck, dee bis ewell 1 Mol am CSA an der Däichhal zu Ettelbréck am Asaz war.

"Wat bedeit, dass den Dokter, deen op där Säit schafft, wierklech an deene 6 Stonnen, wou en do ass, relativ wéineg ze schaffen huet. An et muss een och soen, dass d'Equipementer op béide Säiten a béide Filièrë genee déi nämmlecht sinn. Dir hat et elo gesot, spartanesch, jo dat kann een esou soen, well mir schaffen do an Zelter, déi an enger Hal opgeriicht sinn, mat ganz wéineg Material. Also dat beschränkt sech op ee Stethoskop fir ze lauschteren, e Bluttdrocksméisser an een Otoskop, dat heescht eng Luucht, fir an den Hals oder an d'Oueren ze kucken. Wat bei wäitem vill manner Material ass, wéi dat, wat mir als Generalist an der Praxis zur Verfügung hunn."

Den Dokter gëtt e puer Beispiller: e Patient mat Häerz-Rhythmus-Steierunge kéint een an der Praxis een EKG maachen, awer net am CSA, do misst een déi Persoun dann an d'Spidol schécken. Bei enger Persoun mat enger potentieller Blosen-Entzündung kéint een an der Praxis direkt een Test maachen, am CSA natierlech net.

"Et ass jiddwerfalls esou, dass mir als Dokteren eis d'Fro stellen, ob dës Filière wierklech sënnvoll ass, wa sou wéineg Patienten doduerch ginn a wann och déi prise en charge net esou ka sinn, wéi se normalerweis an eiser Praxis ass. Sou dass vill Dokteren och der Meenung sinn, dass se déi Patiente warscheinlech besser kéinten an hirer Praxis ënnersichen an en charge huelen, wéi dat am CSA de Fall ass."

Dat confirméiert och den Dokter Luc Aniset, deen am CSA zu Esch an der Rockhal schafft. Do hätt een dës 2. Filière fir Patienten, déi eppes anescht hu wéi Covid-19- Symptomer, zougemaach.

"Ganz am Ufank war et och agedeelt an zwou Filièren. Dat gouf awer mëttlerweil well zu Esch opgehuewen, well sech och erausgestallt huet, dass déi mannste Leit mat anere Saache kommen. 80 bis 90 Prozent kommen awer mat Erkältungssymptomer: Houscht, Féiwer, Kappwéi, Läif- a Glidderschmerzen, och e bëssen Otemnout, all déi Symptomer eben. Déi mannst kommen awer mat aner Saachen an dofir gouf dat praktesch elo opgeléist zu Esch, dass mer elo all zesummen an der filière protégée schaffen."

Fir déi Leit, déi mat Covid-19-Symptomer an den CSA kommen, gëtt den Dokter Luc Aniset iwwregens nach mat op de Wee, dass et dem Personal am Zenter vill géing virunhëllefen, wa se wéissten, wien hiren Hausdokter ass a wéi eng Medikamenter, respektiv Antibioticke se bis ewell geholl hätten.

Back to Top
CIM LOGO