Homeschooling"Léieren doheem" gutt vun Enseignanten an Elteren ugeholl, sou Sondage

RTL Lëtzebuerg
D'Zäit, wou d'Schoulen zou sinn, gëtt no der Ouschtervakanz also nach ëm zwou Woche verlängert, bis (lo mol) d'Coursen de 4. Mee nees sollen ufänken.

Eng laang Zäit, an där virtuell Schoul gehalen a geléiert gëtt - e Konzept vu "Léieren doheem", dat gutt vun Enseignanten an Elteren ugeholl an ëmgesat gouf.

Op d'mannst seet dat e Sondage vum Educatiounsministère, un deem bannent 2 Deeg eng ronn 17.000 Leit matgemaach hunn. Dëst waren eng 4.200 Enseignanten a bal 13.000 Elteren.

LINK: Hei ass d'Schreiwes iwwer de Sondage

Back to Top
CIM LOGO