Resultat vun EnquêteChambre de Commerce fuerdert zousätzlech Hëllefe fir Betriber

RTL Lëtzebuerg
D'Chambre de Commerce plädéiert derfir, datt d'Hëllefe fir d'Betriber verlängert an de Regime vun den Direkthëllefen ajustéiert gëtt.

Nëmmen esou kéint d'Iwwerliewen vun de Kleng- a Mëttelbetriber a virun allem dem Handel an dem Horeca-Secteur an der aktueller Corona-Kris garantéiert ginn. Et wiere sektoriell Äntwerten néideg, fir op déi spezifesch Besoine vun den Entreprisen anzegoen, an dat ofhängeg dovunner, wéi laang déi wirtschaftlech Aktivitéit brooch läit. Déi aktuell Hëllefe géife sécher net duer goen, heescht et.

Corona-Enquête vun der CC / Eric Ewald

D'Chambre de Commerce huet tëscht dem 8. an dem 15. Abrëll, also bal ee Mount nom Ufank vum Etat de crise, zesumme mat der Bankenassociatioun ABBL, der Handelsconfederatioun, der Horesca, der FEDIL an der ACA mat enger Enquête bei den Entreprisen de Bols gefillt. Et wollt een eraus fannen, wéi d'Betriber d'Kris erliewen a wat se elo fir d'Zäit vum Deconfinement brauchen. Bal 2.600 Äntwerten koumen op déi 25 Froen eran.

Alles an allem stinn d'Horesca an Handel, ausser d'Liewensmëttelgeschäfter, den Ament am Schlechtsten do. Allgemeng géife sech d’Betriber vill Suergen ëm hir Zukunft maachen, well se net genee wësse wou se dru sinn, a sech och nëmme mëttelméisseg iwwert d’Hëllefen informéiert fillen.

Vun deenen déi geäntwert hunn, hunn 58,5% den Ament hir Aktivitéiten wéinst der Pandemie komplett gestoppt, déi allermeescht dovunner op Decisioun vun der Regierung. De gréisste Problem an de Betriber déi weider schaffe kënnen, ass deen, fir mat enger reduzéierter Zuel vu Mataarbechter alles gemaach ze kréien. Méi wéi d'Hallschent hätten hiren Effektiv ëm 40% reduzéiert. Déi meescht Leit géifen hei wéinst dem Congé pour raisons familiales doheem sinn.

De Lockdown hat, wéi net anescht z'erwaarden, e groussen Impakt op d'Liquiditéiten vun de Betriber. Méi wéi 40% soe si hätten op mannst d'Hallschent vun hirem Ëmsaz agebéisst. 27% hunn zanter dem 15. Abrëll keng Reserve méi. 72% vun de Restauranten, Caféen an Hotelle wieren op den 1. Mee op dësem Punkt. Queesch duerch d'Secteure ginn also Liquiditéite gebraucht. An dat obwuel ganz vill op Kuerzaarbecht an déi aner staatlech Aiden zeréckgegraff gëtt.

Teletravail ass natierlech vu Secteur zu Secteur ganz ënnerschiddlech.

Knapp e Véierel vun de Betriber huet et fäerdeg bruecht 100% aus dem Home Office eraus ze funktionéieren, wéi d'Enquête erginn huet.  Dëst natierlech besonnesch am Finanzsecteur, den Assurancen respektiv der Informatik an der Kommunikatioun. Op der anerer Säit gëtt quasi och an a bal engem Véierel vun de Fäll quasi keen Teletravail gemaach.

Méi Informatiounen um Site vun der Chambre de Commerce

PDF: Enquête vun der Chambre de Commerce

Back to Top
CIM LOGO