Internationale WärungsfongLëtzebuerger Wirtschaft net a Schwong a Staatsfinanzen op negativer Trajectoire

François Aulner
D'Lëtzebuerger Wirtschaft huet nach ëmmer net hire Schwong erëmfonnt, obwuel d'Finanzplaz resilient war.
Ëmmer méi Butteker zu Lëtzebuerg maachen no Joren hir Dieren zou.
© Domingos Oliveira / Archivbild

Interessant am Zesummenhang mat der Tripartite ass de Rapport vum internationale Wärungsfong iwwer Lëtzebuerg fir dëst Joer, deen d'lescht Woch publizéiert gouf. D'Analyste stelle virun allem fest, datt d'Lëtzebuerger Wirtschaft nach ëmmer net hire Schwong erëmfonnt huet, obwuel d'Finanzplaz resilient war. Den Zoustand vun de Staatsfinanze verschlechtert sech, iwwerdeems de Grand-Duché kuerzfristeg éischter Risiken ausgesat wier, besonnesch wéinst dem Krich am Iran.

De Wärungsfong schléit vir, d'Ausgaben ze bremsen, besonnesch bei de Lounkäschte vum Staat. E gëtt och net midd ze recommandéieren, d'Aarbechtsorganisatioun ze flexibiliséieren an d'Offer u bezuelbare Wunnengen an d'Luucht ze setzen.

Steierreform iwwerschaffen

D'Auteure vum Rapport gesinn dann an der geplangter Steierreform positiv Aspekter. D'steierlech Entlaaschtungen an eng eenzeg Steierklass kéinten den Aarbechtsmaart dynamiséieren. Dat well d'Kafkraaft gestäerkt géing ginn an d'Leit encouragéiert géinge ginn, ze schaffen. De Wärungsfong ass par contre besuergt, souwéi och de Conseil national des Finances publiques, datt et guer keng Géigefinanzéierung fir d'Reform gëtt. E recommandéiert Mesuren, fir d'Perte u Recetten ze reduzéieren an d'Progressivitéit am Barème ze verbesseren. An anere Wieder géing dat bedeiten: wat d'Revenue méi héich ginn, wat de Steiertaux méi klëmmt.

Back to Top
CIM LOGO