Blomeese-StierwenBakterie "Suttonella ornithocol" ass Schold

RTL Lëtzebuerg
Zanter Enn Mäerz krut d'Organisatioun natur&ëmwelt krank, respektiv doudeg Blomeese gemellt. Aus Däitschland koumen änlech Meldungen.
© AFP Archivbild

Bis den 21. Abrëll koumen iwwer 140 Meldunge bei natur&ëmwelt eran, vu ronn 265 Vigel. Dovun 152 schonn dout an 113 krank Blomeesen. D'Leit konnten dëst per Formulaire mellen. Doraus geet och ervir, dass sech de Phenomen op dat ganzt Land verdeelt an et keng spezifesch Hotspots ginn.

Veterinärmedezinesch Ënnersichungen an Däitschland hunn erausfonnt, datt et sech ëm eng Bakterie handelt, déi fir d'Stierwe responsabel ass. De Suttonella ornithocola léist bei de Vullen eng Longenentzündung aus. Wéi natur&ëmwelt betount, ass d'Bakterie fir de Mënsch an d'Hausdéieren net geféierlech. Betraff sinn an der Haaptsaach Blomeesen, awer och vereenzelt Kuelmeesen an aner Sangvigel.

Et soll een d'Déiere just mat Händschen upaken an doudeg Vigel entsuergen. Fir krank Meese gëtt et aktuell keng Traitementer.

Symptomer

Déi krank Vigel  hocken "opgeplustert" op der selwechter Plaz, sinn apathesch an net schei, dat heescht si fléien net virum Mënsch oder aneren Déieren (och Kazen) fort. Dacks hunn d'Meesen e schläimegen Ausfloss aus den Aen an der Nues, dat och d'Plomme beim Botzen verpescht.

Aner Symptomer sinn Otemproblemer, groussen Duuscht an d'Déiere friesse manner bis guer net.

D'Krankheet ass ustiechend. Do, wou vill Vigel beieneekommen, ass e "social distancing" recommandéiert. Dofir sollte Fudder- oder Drénkplazen am Gaart bis op Weideres net méi bereet gestallt ginn.

PDF: Schreiwes vun natur&ëmwelt

Back to Top
CIM LOGO