ITM zitt Bilan 2025Méi Kontrollen, awer manner Protokoller

Pierre Jans
D‘Betriber ginn also virgewarnt. Den Aarbechtsminister Marc Spautz mengt net, dass d‘ITM dowéinst en Tiger ouni Zänn gëtt.

Méi Kontrollen, awer manner Protokoller. Esou kann een d‘Entwécklung vun der Aarbecht vun der Inspection du Travail et des Mines beschreiwen. D'CSV-DP-Regierung ass jo amgaangen, d‘ITM ze reforméieren. Schonn elo gëtt méi op Präventioun gesat. Op der Bilanspressekonferenz fir d‘Joer 2025 ware positiv Téin ze héieren.

De Bilan 2025 vun der ITM - Reportage Pierre Jans

Dat awer e bëssen iwwerraschend op Franséisch, obwuel just d‘Mikroen vun zwou Lëtzebuergeschen Radioschaînen um Dësch stoungen. Dass et och ouni Blat an op Lëtzebuergesch geet, hunn den Aarbechtsminister Marc Spautz an den ITM-Direkter Marco Boly dunn duerno an Eenzel-Interviewe gewisen. De Marco Boly confirméiert also, dass d‘Reklamatiounen eropgaange sinn. Et gouf en Observatiounsbréif agefouert, an dat heescht: "Mir gi méi proaktiv op d'Entreprisen duer, doduercher gëtt natierlech den administrative Prozess e bësse méi laang. Mir hunn och méi Zäit, fir elo mat hinnen ze schwätzen. Mir telefonéieren den Entreprisen, fir dass mir op déi Regularisatioun kommen, soudass mir eigentlech mat méi Kontrolle manner Protokoller musse maachen. Mee wat eben extrem erfreelech ass, dat ass, dass mer immens vill konnte regulariséieren an dass d' Betriber sech awer konnten a Konformitéit setzen."

D‘Betriber ginn also virgewarnt. Den Aarbechtsminister Marc Spautz mengt net, dass d‘ITM dowéinst en Tiger ouni Zänn gëtt: "Wann et mat der Informatioun net klappt, da kënnt nach wie vor d'Sanktioun. D'Sanktioun wäert och am Gesetz bleiwen. Mee et ass awer och wichteg, dass d'Méiglechkeet besteet, Präventioun ze maache fir d'Betriber, mee och fir d'Salariéen. Dat soll nach méi ausgebaut ginn. Well Gesondheet a Sécherheet op der Aarbechtsplaz sinn eng wichteg Saach. All Accident, deen net geschitt, ass e Gewënn fir jiddwereen. Mee dat schléisst awer net aus, dass och an Zukunft nach ëmmer wäerte Sanktioune kommen, wann e Betrib sech net un déi Reegelen hält, déi do ofgemaach ginn."

Déi wichtegst Zuelen: d‘ITM huet eppes iwwer 5.000 Kontrolle gemaach. 3.300 Mol ass se intervenéiert: Verwarnungen, Aarbechtsstoppen oder Fermeture sinn domat ënnert anerem gemengt. 348 Amenden si verdeelt ginn an hir Montanten erginn zesummen iwwer 2 Milliounen Euro. Iwwer d'Hallschent dovu mécht déi illegal Aarbecht aus. Dacks stellt d'ITM awer och fest, dass d‘Betriber d‘Schaffzäiten a d‘Congéen vun hire Salariéen net respektéieren, oder hir Sécherheet. De Marco Boly: "Haut, wa mir vu Sécherheetschong schwätzen, a mir sinn am Horeca-Secteur, da sinn et Anti-Rutsch-Schong, déi se mussen hunn. Dat ass mëttlerweil alles an der Rei. Am Bau sinn et aner Sécherheetschong, déi gebraucht ginn. Ech mengen, dass mir do net méi esou vill Problematiken hunn. Et gesäit een och an der Statistik, dass et éischter d'Chutten aus der Héicht sinn, respektiv eben haut elo d'Renversementer. Dat heescht, dass awer nach ëmmer de Bau, jo, zesumme mat der Industrie, déi ëmmer nach dominant sinn, wat déi schwéier Accidenter ubelaangt."

Nach an dëser Legislaturperiod kéint de Gesetzprojet fir d‘Reform vun der Inspection du Travail et des Mines gestëmmt ginn, mengt den Aarbechtsminister Spautz. D‘Sécherheet an d‘Gesondheet am ëffentlechen Déngscht soll dann och an de Kompetenzberäich vun der ITM falen. Iergendwann kënnt d‘Plattformaarbecht dobäi. Fir den Direkter Marco Boly ass et deemno kloer, dass hie méi Personal brauch. Fir dass et net op eemol intern Verstéiss géint déi legal Aarbechtszäite gëtt.

Back to Top
CIM LOGO