D'Reesbranche ass natierlech besonnesch vun der Kris betraff, ëm 70% vum Personal aus deem Beräich sinn den Ament am Chômage partiel.

Reesbranche haart vu Kris betraff/Monica Camposeo

Déi ronn 50 Reesoperateuren, déi mer am Land hunn, mat enge 700 Salariéen, rechne fir dëst Joer mat engem Réckgang vum Ëmsaz vu 70 bis 80%. Leit, déi hir Reesen scho gebucht hunn, hätten natierlech gär hir Suen zeréck oder Bongen.

Soulaang den Etat de crise gëllt - bis lo mol Mëtt Juni - mussen d'Agencen de Client net direkt rembourséieren, fir duerno gëtt no enger Léisung gesicht. Amplaz vun engem Hëllefsfong wëll de Mëttelstandsministère éischter op de Wee goe vun avances récupérables an SNCI Kreditter.

Et misst op jiddwer Fall esou sinn, seet de Minister Lex Delles, dass d'Leit hier Suen, déi se fir Reesen, déi ofgesot goufen, virgestreckt hunn, ganz zréckkréien.

Ongeféier 70% vum Personal aus der Reesbranche ass de Moment am Chômage partiel. De Rescht schafft, woubäi de Patron op seng Reserven zeréckgräift, fir d'Employéen ze bezuelen.

Den Agencen hir Kommissioun, déi normalerweis bei 10 bis 12 % läit, fält den Ament ganz ewech.