Virfall mat Schëss zu Prüm (D)Och Lëtzebuerger Police war um Asaz bedeelegt

RTL Lëtzebuerg
Fir gréisser Opreegung hat en Dënschdeg am däitsche Prüm, eng 40 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, e Policeasaz gesuergt.
© Kevin Schößler

Déi däitsch Police hat no engem 25 Joer ale Mann gesicht, dee bei enger Policekontroll eng Beamtin ugeschoss hat. D’Police war dobäi mat engem gréisseren Dispositif am Asaz, dorënner mat enger Spezialunitéit an der Helikopter-Staffel. Och Lëtzebuerger Beamte waren um Asaz bedeelegt. Wéi mir op Nofro bei eiser Police gewuer gi sinn, wieren zwee Lëtzebuerger Hondsmeeschter op der Plaz gewiescht. Am Norde vum Land wieren ausserdeem Patrullen un der Grenz zu Däitschland gefuer.

Wat war geschitt?

En Dënschdeg hat e 25 Joer ale Mann an engem Dokteschcabinet zu Prüm randaléiert. Wéi d’Beamte vun der Police op d’Plaz komm sinn, war de Mann net méi am Cabinet. Si konnten hien awer kuerz drop en der Géigend, am “Kurpark” untreffen. Wéi d’Beamten de Mann, deen der Police bekannt ass, ugeschwat hunn, huet hien net reagéiert. Wärend enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht dem Mann an de Beamte konnt de Verdächtegen dunn eng Déngschtwaff aus dem Holster rappen. Doropshi sinn e puer Schëss gefall, woubäi enger Beamtin an den Uewerschenkel geschoss gouf. De Verdächtegen huet sech dono a Richtung Bësch duerch d’Bascht gemaach. De 25 Joer ale Mann gouf schliisslech fonnt an huet sech, ouni Widderstand ze leeschte, vun de Beamte festhuele gelooss.

Méi Detailer zum Asaz zu Prüm kënnt Dir hei noliesen:

Back to Top
CIM LOGO