Duerch all méiglech Alldagsproduite kënne Chemikalien an d’Ëmwelt kommen. Wéi een Impakt hunn dës op d’Gesondheet a si se och am Kierper vun de Leit ze fannen? Dat wëll den LNS, den nationale Gesondheetslabo, an enger grouss ugeluechter Etüd erausfannen, déi och op europäeschem Niveau leeft. D’Enquête nennt sech “LëtzHBM” an an deem Kader gi bei Kanner an Erwuessener Prouwe gesammelt. Dat geschitt direkt bei hinnen doheem. 175 Stéit maache bis ewell mat.
Méi iwwert déi eegen Expositioun erausfannen, dat huet och d’Sophie Wehenkel motivéiert, fir bei der Etüd matzemaachen: “Perséinlech fannen ech et och einfach spannend ze wëssen, wou si mer drun an eisem eegenen Haus.” Si géing zwar zum Beispill bei de Miwwelen oppassen, ma sou genee wéisst een eben net, wéi et Punkto Chemikalie bei engem doheem ausgesäit.
Miwwelen aus komposéiertem Holz kënnen effektiv, duerch de Päsch deen doranner verschafft gëtt, Chemikalien an d’Loft ausstoussen, erkläert d’Monica Azevedo Mesquita. Si ass Infirmière a mécht d’Visitten doheem bei de Leit. Nieft de Prouwe vun der Loft ginn och Prouwe vum Stëbs an dem Krunnewaasser geholl. Dofir dierfen d’Leit och virun der Visite net Lëften a 14 Deeg virdrun net staubsaugen. Et ginn donieft awer och biologesch Prouwe geholl, also Blutt, Urin an Hoer. Esou ka verglach ginn, ob d’Stoffer, déi an der Ëmwelt festgestallt ginn, och am Kierper entdeckt ginn. A wéiwäit sinn dës schiedlech. D’Analyse sollen um Enn hëllefen. en nationale Referenz-Wäert fir déi ënnerschiddlech Chemikalien ze etabléieren. D’Maria Torres Toda ass Epidemiologistin a leet d’Enquête: “Eent vun den Ziler vun dëser Etüd ass et, zouverlässeg Donnéeën ze liwweren, fir dobäi ze hëllefen, Direktiven auszeschaffen, déi um Enn d’Gesondheet vu jidderengem verbesseren.”
D’Enquête ass am Ganzen op annerhalleft Joer ugeluecht a leeft nach bis September. Nach jeeweils 100 Kanner an Erwuessener, besonnesch aus dem Norden an dem Oste vum Land gi gesicht, fir matzemaachen. Esou dass den Echantillon och méiglechst representativ ass.