An de Lycée goen ass anescht ginn: Changementer an de Stonnepläng, streng Hygiènesmesuren an zoue Cafeteriaen a Kantinnen.

Entweder d'Schüler an Enseignantë bréngen hiert eegent Iessen a Gedrénks mat oder si gräifen op de Service "Frupstut" vu Restopolis zeréck. Déi fir 73 Schoulkantinnen an 53 Cafeteriaen zu Lëtzebuerg verantwortlech sinn.

Wëll een eng "Frupstut" bis an d'Schoulklass geliwwert kréien, muss ee se allerdéngs den Owend virdrun, virun 20 Auer, iwwert Internet oder via App bestellen.

En Deel vun de Mataarbechter aus de Kantinnen, déi soss fir honnerte vu Schüler an Enseignantë waarm kachen, sinn elo moies vu 6 un Auer domadder beschäftegt, kal Platen, Zaloten a Sandwichen ze preparéieren an an d'Tuten ze paken. Fir all Persoun, déi bestellt, gëtt eng Etikette geprint mam Numm, der Schoul, der Klass an der detailléierter Bestellung. Agepaakt gëtt genau dat, wat bestallt gouf. Gratis Optioune wéi Uebst oder Mëllech vum Schoulprogramm a Waasser gi just dann agepaakt, wann och bestallt.

Moies kuerz no 10 Auer ginn d'"Frupstuten" an d'Schoule geliwwert, wou eng Mataarbechterin an der Cafeteria d'Temperatur kontrolléiert an d'Tute pro Klass zortéiert. De schoulinterne Service technique bréngt d'Tuten da bei déi entspriechend Klassen a bei d'Schüler, respektiv Enseignanten, déi se bestallt hunn. Fir dëse Liwwerservice bis an d'Schoulklass ze erméiglechen, gouf innerhalb kierzter Zäit eng ganz Logistik op d'Bee gestallt, an déi vill Leit involvéiert sinn.

Um Campus Geesseknäppchen, wou 5 Lycéeë beienee leien, goufe bis ewell all Mëtten 2.500 waarm Platen zerwéiert, dat entweder an der Kantin vum Forum oder de Cafeteriae vun de Schoulen. Dem Gerant vu Restopolis um Site Geesseknäppchen, dem Cyril Sanchez no, ass d'Nofro no de "Frupstuten" op dësem Site nach bescheiden. Dës Woch sinn all Dag just eng 150 "Frupstute" bestallt ginn. Et hätt een awer Kapazitéit, fir vill méi ze produzéieren.