
E Méindeg maachen d'Grondschoulen nees op... de Minister huet eng Surveillance am Schoulhaff vu moies 7 Auer un annoncéiert an déi suergt fir vill Onkloerheeten an Diskussiounen. Et wär eng weider Inkoherenz am Projet vun der Reprise vum Educatiounsminister, mengt d'Enseignants-Gewerkschaft, SNE.
De 14. Mee hätt et nach geheescht, et géif keen Accueil ginn an den Dag drop hätt et op enger Pressekonferenz geheescht, datt d'Enseignantë misste vu 7 Auer un eng Surveillance assuréieren.
Déi Nouvelle wär iwwerraschend komm.
Bis ewell hätt d'Gemeng den Accueil assuréiert, elo misst d'Schoul dat maachen.
An de Schoule wär och elo alles organiséiert ginn, fir datt d'Klasse sech net mëschen. Dat wär vill Aarbecht an elo schéngt dës Aarbecht fir d'Kaz gewiescht sinn, bedauert den SNE.
Et wär onméiglech op d'Kanner moies am Haff eng Stonn laang opzepassen, ouni datt se sech vermëschen.
Fir de Syndicat SNE/CGFP ass et kloer, datt een dës Surveillance net kéint vun den Enseignantë verlaangen. Den SNE schwätzt vun engem absolutten NO-GO. Et wier total irresponsabel, dat vun den Enseignanten ze verlaangen. Déi meescht Léierinnen a Schoulmeeschtere wiere bereet gewiescht, am Kader vun der Reouverte vun de Grondschoulen hir Tâche eropzesetzen an Iwwerstonnen ze leeschten, fir dass et net zu engem Wiessel vum Enseignant wärend dem Moie kéim an all d'Stonnen, déi ufalen, vum Titulaire de classe kënne gehale ginn. Domadder hätten d'Enseignantë schonn e groussen Effort gemaach.