
Am Prozess wéinst dem déidlechen Accident mat der Äisskulptur um Chrëschtmaart 2019 huet en Dënschdeg d'Affekotin vum LCTO den Acquittement fir d’ASBL gefrot. Et wier kee Feeler géint d'Mataarbechter zréckzehalen an dowéinst och net géint hiren Employeur als personne morale. De fatale Feeler wier beim Sculpteur geschitt. Den Affekot vum fréieren LCTO-Direkter an engem weideren LCTO-Mataarbechter gesäit dat änlech. Deen hätt d'Skulptur op "faul Pallette" gesat an de Niveau net ausgeglach. Och hien huet och e Fräisproch fir seng Clientë gefrot.
Hien huet ausenaner gepléckt, ob een den Ugekloten en Defaut de prévoyance kéint virwerfen. Dat wier objektiv ze z'analyséieren ganz schwéier, elo wou jiddereen weess, datt d'Accident geschitt wier.
"A Wierklechkeet muss ee sech placéieren virun en Accident, wann en nach net geschitt ass, fir sech ze froen, wéi hätt een da generell gehandelt, nëmmen andeems een déi Skulptur gekuckt huet, gesinn huet oder och nëmme wousst, datt se géing dohin kommen," esou den Affekot Pol Urbany. D'Experienz vun an d'Wëssen ëm d'Méiglechkeet vun esou Accidenter géif dobäi eng Roll spillen.
"Do ass natierlech an der Denk-Aart a -Weis verankert: majo gouf et jeemools esou en Accident? Ass dat a mengem Bewosstsinn dran? Oder ass dat eppes, wat nach net ugeduecht ass?"
Am Géigendeel zu deem, wat de fréiere Chef vum Service des marchés Marc Weydert als Zeien ausgesot hat, hätt et bis 2019 néierens e schwéieren Accident mat enger Äisskulptur ginn.
"Et ass nimools driwwer publizéiert ginn, weder am Lëtzebuergeschen, nach an europäeschen Medien, sou datt iergendeen hätt kënne Kenntnis hunn, datt esou Accidenter scho gi wieren. De Lëtzebuerger Accident ass déi éischte Kéier, wou eppes Schwéieres geschitt mat enger Äisskulptur. Dat ass natierlech kee Verglach mat engem Autosaccident, wou all Mënsch d'Risike kennt, wou all Mënsch weess, wat geschitt, all déi Accidenter, déi ons bekannt sinn."
Am Resumé ass d'Fro, "kann een eppes virausgesinn, wat bis dohin nach net geschitt ass a wouvun ee keng Erfarung huet?" Den Affekot vun der Defense mengt: "Nee". An dofir kéinte seng Clienten och net strofrechtlech fir den Doud vum klengen Emran verantwortlech gemaach ginn.
De Prozess geet e Mëttwoch weider.