Oppene Bréif un de Premier Xavier BettelSEW a Landesverband kritiséieren d'Reouverture vun de Schoulen

RTL Lëtzebuerg
D'Enseignante géifen de Modell, wéi en am Moment do steet, net méi ënnerstëtzen. Den Opwand wär enorm a stänneg Ännerunge géifen zu Konfusioune féieren.

An engem oppene Bréif un d'Regierung an un de Premierminister bedaueren den SEW/OGBL an de Landesverband, datt den Educatiounsminister den Dialog mat de Schoulpartner refuséiert huet an datt keng Alternativen zum Modell, wéi e momentan do steet, diskutéiert goufen.

De Modell wier an den A vun den Enseignantë komplett absurd. Beim Schülertransport zum Beispill kéinten d'Distanze guer net agehale ginn. A verschidde Gemenge wier nach keng Léisung fonnt, fir de Manktem u Personal oder Säll, an dofir op de sougenannte Splitting vun de Klasse verzicht ginn. Wat d'Surveillance moies um 7 Auer am Schoulhaff betrëfft, schwätzen de Landesverband an den SEW vun enger Farce. Dee ganzen Opwand fir d'Kanner net ze vermësche wier mat där Mesure just nach lächerlech.

Si verlaangen, datt d'Regierung eng Task Force zesumme setzt mat Vertrieder vun de Gewerkschaften, den Elterevertrieder, dem Syvicol an dem Educatiounsministère. Et dierft elo keng Zäit méi verluer goen an e Modell op d'Bee gestallt ginn, deen de sanitäre Mesuren, de Besoine vun de Kanner an Eltere gerecht gëtt an deen organisatoresch och ëmzesetzen ass.

PDF: Oppene Bréif vum SEW a Landesverband

Back to Top
CIM LOGO