Vläicht krut dier jo och an der Lescht ee Bréif vun der Agence eSanté, an deem Dir opgeruff gitt, Ären DSP, Dossier de Soins Partagé, z'aktivéieren.

Deen elektronesche Patientendossier ass zanter Januar a Kraaft. Wann ee säin Dossier net selwer aktivéiert, gëtt dat automatesch bannen 30 Deeg gemaach.

Doranner sollen dann Donnéeë stoe kommen, wéi d'Krankegeschicht, Verschreiwungen, Allergien oder Analysen, wéi Röntgen, Scanner, IRMen, fir dass Dokteren d'Virgeschicht vum Patient besser kennen an duebel Analysen evitéiert ginn .

De Patient ka wielen, wéi engem Dokter hien Accès gëtt, e Spidol kënnt awer automatesch eran. Och Analyse vu Laboratoirë gi vu lo un automatesch an deem Dossier gespäichert.

Jiddwer Patient kann awer och uginn, mat wat hien averstanen ass a mat wat net.

Bis ewell sinn eng 280.000 der Patientendossieren op. Bis Enn vum nächste Joer sollen all d'Assuréen - den Ament 890.000 am Land - esou een elektroneschen Dossier hunn.

All Informatiounen fannt der op www.esante.lu