
E Mëttwoch si kuerz no 16:30 Auer zu Miersch an der Rue Nicolas Welter zwee Autoen aneneegeknuppt. Pompjeeë vu Miersch an eng Ambulanz aus der Regioun Nordstad sinn op d'Plaz gefuer an hu sech do ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.
Méi fréi am Dag gouf et zwee Bränn bei deene kee blesséiert gouf.
Moies, kuerz no 11 Auer, sinn d'Pompjeeën aus der Regioun Nordstad op Dikrech an d'Rue Dr Jean-Pierre Glaesener gefuer fir do no engem gemellte Brand eng Kontroll ze maachen.
Géint 16 Auer sinn d'Pompjeeë vu Käerjeng wéinst engem bereets geläschte Feier op Bascharage an d'Rue Belair geruff ginn.