Um Freideg de MoienFace-à-face mam Claude Meisch an Olivier Cano

Claude Zeimetz
Se fille sech no enger enttäuschender Entrevue mam Logementsminister nach méi confirméiert an hirer Mobilisatioun; d'Vertrieder vum "Kollektiv Logementskris", déi fir e Freideg den Owend zu enger nationaler Manifestatioun géint déi strukturell Problemer um Lëtzebuerger Wunnengsmaart opruffen.

De Frust bei ville Jonken, déi näischt fannen, ass grouss. An de Logementsminister? Dee weist Versteesdemech fir der Jugend hir Suergen, mä wëll sech awer net soe loossen, datt d'Regierung näischt ënnerhuele géif.

Um Freideg de Moien um 8 Auer treffen de Claude Meisch an den Olivier Cano vum "Kollektiv Logementskris" an engem Face-a-Face um Radio openeen fir sech auszetauschen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO