
... an d’Aussoe vum Policeminister François Bausch, deen där Iddi géintiwwer positiv agestallt ass.
D’CGFP kritiséiert ferm, datt am Aarbechtsgrupp, deen d’lescht Joer zesummegesat gouf fir iwwert d’Rekrutéierungsproblemer bei der Police ze beroden, keng eng Kéier déi Iddi erwäänt gi wier.
D’Police fir EU-Bierger opmaachen, misst déi lescht Optioun sinn, wann all aner Méiglechkeeten ausgeschöpft sinn. Déi neisten Entwécklung géing den Androck ginn, datt d’Kris ausgenotzt géing, fir op hannerhälteg Aart a Weis nei Fakten ze schafen, sou d’Staatsbeamtegewerkschaft.