Am ReplayDe Reportage: #Bleiftdoheem

RTL Lëtzebuerg
Vum éischte Fall vu Covid19 zu Lëtzebuerg den 29. Februar bis den 11. Mee, den Dag wou d’Geschäfter nees opgoungen.
De Reportage: #Bleiftdoheem
E Land wéi ausgestuerwen – Lëtzebuerg am Lockdown. Bleift doheem war de Mantra, “social distancing” iewescht Gebot.

Ee Réckbléck op déi wichtegst Etappen vun der Krisenzäit.

De Reportage: #Bleiftdoheem ass en Documentaire, dee aus RTL-Reportagen a Magazinnen, déi an där Zäit, also deenen 73 Deeg, gedréint goufen, zesummegestallt gouf. Deelweis kënnt och Réimaterial zum Asaz, dat nach ni gewise gouf grad wéi Extraiten aus Pressekonferenzen, déi een och nach net héieren huet.

Mir sinn nach matzendran an der Pandemie, wéi d’Regierung net midd gëtt ze widderhuelen. An awer ass et derwäert, emol Stopp ze soen, an ze kucken, wat bis elo schonn alles geschitt ass. De Virus hu mer am Grëff, wat am Ufank jo guer net virauszegesi war, mä d’Kollateralschied sinn enorm, wirtschaftlech, sozial, mënschlech. An och dat gëtt net am Reportage ausgespuert.

Back to Top
CIM LOGO