Datazenter a JughurtsfabrickWou sinn d’Prozedure bei Google a Fage drun?

RTL Lëtzebuerg
Bei der Jughurtsfabrick kënnen d'Awunner geschwënn den Dossier an der Gemeng ukucken an hir Avisen areechen. Bei Google ass een nach am Ufanksstadium.
Wou sinn d’Prozedure bei Google a Fage drun?
Bei der Jughurtsfabrick kënnen d'Awunner geschwënn den Dossier an der Gemeng ukucken an hir Avisen areechen. Bei Google ass een nach am Ufanksstadium.

Et gëtt nach ëmmer iwwerpréift ob de Memorandum of Understanding mat Google publizéiert gëtt oder net. (Den M.o.u ass eng Zort Accord tëscht der Regierung an dem US-Internetgigant). Dat gouf een no enger Reunioun vun de Chamber Wirtschafts- an Ëmweltkommissioune gewuer, wou op Demande vun der CSV de Point gemaach gouf iwwert d’Autorisatiounsprozedure fir Google a Fage.

Zur Fro vun der Publikatioun vum Memorandum of Understanding mat Google sot de President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun, de gréngen Deputéierte François Benoy: „d’Regierung wëll dat Dokument net net publizéieren“

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, deen huet verlaangt, datt e Freideg d’Regierung endlech decidéiert, d’Dokument der Chamber zur Verfügung ze stellen. Et géing schonn 1 Joer drop gewaart ginn. Den LSAP-Deputéierten a President vun der Wirtschaftskommissioun, de Claude Haagen, sot sengersäits hien hätt proposéiert, datt de Memorandum of Understanding – wann d’Iwwerpréiwung gemaach ass – „à huis clos“ an „en délibération secrète“ den 11. Juni an der Chamber soll presentéiert ginn.

Ganz ongedëlleg waart d’CSV dann och bei Fage, der griichescher Jughurtsfabrick, déi zu Beetebuerg soll entstoen, ob ee Rapport vum Rechnungshaff. D’Cour des comptes sollt iwwerpréiwen, wéi de Verkaf vum Terrain vum Staat u Fage genee iwwert d’Bün gaangen ass. Frou ass de Claude Wiseler - eegenen Aussoen no - datt den neien LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot eng aner Approche hätt wéi säi Virgänger: hie wéilt just nach wann et „raisons impérieuses“ ginn Terrain verkafen, an anere Wieder wann et wierklech muss sinn.

Zur Kritik un den Etienne Schneider sot den LSAP-Deputéierten Claude Haagen, et misst een hei den Etienne Schneider scho selwer froen, ob de Verkaf vum Terrain u Fage e „cas exceptionnel” war oder net.

Memorandum of understanding: CSV fuerdert, dass Chamber Abléck kritt an d'Google-Pabeieren

Wou sinn d’Prozedure bei Google a Fage drun?

Wat d'Jughurtsfabrick ugeet, wier ee virum Ufank vun der Commodo-Prozedur, wat bedeit, datt d’Awunner geschwë kënnen den Dossier an der Gemeng ukucken an hir Avisen oder Reklamatiounen areechen. An deem Kader kritt de Public och en Abléck an d‘"évaluation des incidences sur l’environnement", huet ons den Ëmweltministère op Nofro hi matgedeelt.

Souwuel Oppositioun wéi Majoritéit an der Chamber si relativ skeptesch géigeniwwer deem Projet, well Fage souvill Drénkwaasser kéint verbrauchen, ewéi 20.000 Awunner.

Bei Google ass d’Politik manner skeptesch. Dee Projet ass nach ëmmer an engem Ufanksstadium. D’Ëmklasséierung vum Terrain wier nach net ofgeschloss. Och hei wäert den Ëmweltministère eng Evaluatioun vum Impakt op d’Ëmwelt verlaangen.

Back to Top
CIM LOGO