Accident tëscht Vëlo an AutoVëlosfuerer zu Rëmeleng schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch kuerz viru 17 Auer gouf e Cyclist an der Escher Strooss zu Rëmeleng vun engem Auto ugestouss.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Béid Gefierer si frontal aneneegerannt. De Cyclist gouf mat uerge Blessuren an d’Spidol bruecht. Den Escher Samu war op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Esch a Rëmeleng an d’Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng.

D’N33 tëscht Esch a Rëmeleng gouf a béide Richtunge gespaart an de Verkéier gouf a Richtung Keel deviéiert.
De Procureur générale gouf informéiert.

Back to Top
CIM LOGO