
D’Police gëtt um Freideg de Moien Detailer iwwer den Incident en Donneschdeg den Owend zu Esch op der Place Boltgen. E Mann ass do direkt e puer mol an e Bistro gaangen, deen direkt ënnert senger Wunneng läit an huet ronderëm gebrëllt a gedreet seng Waff ze benotzen.
Doropshin huet eng aner Persoun d’Police ugeruff a gemellt, dass geschoss gouf. E puer Unitéite vun der Police sinn dunn direkt op d’Plaz gefuer.
Wéi d’Beamten ukomm sinn, stoung de Mann uewen an der Fënster vu senger Wunneng a gouf opgefuerdert virun d’Dier ze kommen. Hie gouf direkt festgeholl a krut d’Handschellen ugeluecht.
A senger Wunneng konnten d’Beamten eng Paintball-Waff sécherstellen a saiséieren. De Mann gouf bei ee Psychiater bruecht. De Parquet gouf informéiert.