Petitiounen5G-Antennen a Recht op Teletravail ginn ëffentlech diskutéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Petitiounskommissioun huet e Donneschdeg d'Ënnerschrëfte vun deene Petitioune kontrolléiert a validéiert, deenen hiren Delai ofgelaf ass.

Déi ëffentlech Petitioun vum Collectif “Stopp5GLuxembourg”, déi gefuerdert huet, fir direkt mam Ëmbau op de 5G hei am Land opzehalen, ass am Ganzen vu 7.272 Leit ënnerschriwwe ginn a huet deemno de virgeschriwwene Quorum vu 4.500 Signature bei Wäitem erfëllt.

Dat selwecht gëllt fir eng Petitioun, déi e Recht op Teletravail freet, dat sollt an d’Aarbechtsrecht ageschriwwe ginn. Dës Petitioun gëtt och am Plenum debattéiert, nodeems se vu 5.933 Persounen ënnerstëtzt gouf.

Déi néideg Ënnerschrëften, 6.637, sinn och fir déi Petitioun zesummekomm, déi gefuerdert hat, datt d’Schoulen an d’Betreiungsstrukturen eréischt am September nees opginn. An deem Fall war d’Petitionärin jo scho virun der Reprise de 25. Mee vum Educatiounsminister Claude Meisch empfaange ginn.

Back to Top
CIM LOGO