Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.296 Tester waren der 5 positiv, keng nei Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 110 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 5 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.032. Vun den Infizéierte sinn der 3.257 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d’Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 83.673 Tester gemaach. Vun en Donneschdeg op e Freideg ass dat eng Hausse vun 1.296 Tester, vun deene wéi gesot 5 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 37 aktiv Infektioune ginn an 3.885 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 31 Patienten hospitaliséiert, 2 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 931 Mënschen d’Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,520. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO