
Déi entspriechend Arrêté grand-ducalle goufen ewell de 25. Mee geholl. De 65 Joer ale Claude Wirion hält op den nächsten 1. Januar op mat schaffen: Hie war 1992 als Direktiounsmember bei de Commissariat aux assurances komm an Ufank 2015 deem säin Direkter ginn.
De Georges Fohl geet iwwerdeems fir de 15. September a Rent: Hien ass Ingenieur vu Beruff an nieft senger Funktioun als President vum Office national du remembrement och nach Buergermeeschter vu Garnech.
