Schwäbisch Hall mécht hir Filial zu Lëtzebuerg zou
© Facebook / Bausparkasse Schwäbisch Hall
Bestoend Kontrakter vu Cliente vun der Bauspuerkeess Schwäbisch Hall lafen awer onverännert weider, verséchert den Yves Biewer vun der Bank Raiffeisen.
Schwäbisch Hall ass am Immobiliëberäich spezialiséiert a schafft mat grousse Banken zu Lëtzebuerg zesummen. D'Firma mécht Enn dës Joers hir Dieren zu Lëtzebuerg zou. Dat krute mer op Nofro hi confirméiert. D'Gesellschaft ass am Gaangen, sech ëmzestrukturéieren. Dat ass eng vun den Erklärunge fir d'Fermeture, heescht et beim däitsche Mammekonzern.
25 Mataarbechter schaffe fir Schwäbisch Hall hei am Land. Se sollen eng Alternativ am Grupp ugebuede kréien. D'Gesellschaft huet eng 57.000 Clienten am Grand-Duché. Si bitt hire Clienten eng Zort Kombinatioun vu klassesche Prêten an engem Bauspuervertrag un. Fir déi ablécklech Clientë soll sech konkret näischt änneren. Si géifen an Zukunft direkt vun der däitscher Mammegesellschaft betreit ginn.
De Virdeel vun engem Bauspuervertrag besteet doranner, dass d'Zënsen an d'Spuerbeträg steierlech kënnen ofgesat an duerch en Taux fixe kënnen ofgeséchert ginn. Schwäbisch Hall Lëtzebuerg schafft mat der Raiffeisen, der BGL BNP Paribas, der ING an dem Foyer zesummen.
D'Lëtzebuerger Filial hätt op den 1. Januar 2021 30 Joer gefeiert. Schwäbisch Hall ass den Ament nieft BHW a Wüstenrot eng vun dräi Bauspuerkeesen zu Lëtzebuerg a betreit den Ament e Bauspuervolume vu 4,6 Milliarden Euro.
Interview mam Yves Biewer vun der Bank Raiffeisen
Dëse Réckzuch hätt reng ekonomesch Ursaachen. Dat sot um Donneschdeg de Moien de Member vum Direktiounscomité vun der Raiffeisen, Yves Biewer. Et wär net esou, dass d'Aktivitéit hei zu Lëtzebuerg net anstänneg evoluéiert hätt. Et wär haaptsächlech déi unhalend, historesch niddreg Zënsphas, déi gréisseren Drock op d'Rentabilitéit vun de Bauspuerkeesen allgemeng mécht. E Phänomen, deen d'Banken allgemeng och géing betreffen, esou den Yves Biewer.
Wat ännert dann elo konkret fir d'Clienten?
Yves Biewer: "Ma d'Fermeture bedeit mol fir d'éischt dass Schwäbisch Hall vum 1. Januar 2021 un keen Neigeschäft méi hei zu Lëtzebuerg wäert generéieren. Wichteg ass awer ze soen, dass déi bestoend Kontrakter vu Cliente vun der Bauspuerkeess Schwäbisch Hall onverännert weiderlafen. Ech weisen och drop hin, dass dës Kontakter souwisou mat der Bauspuerkeesen an Däitschland ofgeschloss goufen an net mat der Succursale zu Lëtzebuerg. Wichteg ze wëssen, dass dem Client hei keen Nodeel entsteet, weder kontraktlech, nach steierlech. Wat och wichteg ass ze wëssen, ass dass Bauspueren hei zu Lëtzebuerg ëmmer steierlech gefërdert goufen. Déi Steieravantagen goufen nach ausgeweit an der Steierreform vun 2017. D'Bauspuerverträg bestinn weider, et kann weider gespuert ginn an de Client huet och weider onverännert Usproch op een Kredit den vun der Bauspuerkeess kann zougedeelt ginn mat de Konditiounen, déi am Virfeld vertraglech ofgemaach goufen."
De Produit vun der Schwäbesch Hall wär op alle Fall net a Fro gestallt. Elo géing et drëm goen ze préiwen, wéi een d'Produiten och weiderhi kéint ubidden, esou nach den Yves Biewer vun der Raiffeisen.
Communiqué
Schwäbisch Hall stellt 2021 das Neugeschäft in Luxemburg ein – Kunden werden weiterhin betreut
Die Bausparkasse Schwäbisch Hall wird ab Januar 2021 das Bausparneugeschäft in Luxemburg einstellen. Die 57.000 luxemburgischen Schwäbisch Hall-Kunden sind von dieser Entscheidung nicht betroffen. Sie werden nach dem Jahreswechsel direkt von der Bausparkasse Schwäbisch Hall betreut.
„Die Entscheidung das Neugeschäft einzustellen und die Niederlassung in Luxemburg aufzulösen, ist uns nicht leichtgefallen", erklärt Vertriebsvorstand Peter Magel. „Aber um in Luxemburg weiterhin erfolgreich agieren zu können und den gewohnten hohen Standard für unsere Kunden und Kooperationspartner zu gewährleisten, wären jetzt erhebliche Investitionen erforderlich, um das Neugeschäft mit seinen regionalen Besonderheiten in unsere neue IT-Landschaft zu integrieren." Zudem ist das Bauspargeschäft durch die langanhaltende Niedrigzinsphase unter Druck geraten.
„Wir bedanken uns für die gute Zusammenarbeit bei unseren langjährigen Partnern vor Ort und für die Treue der Luxemburger Kunden und hoffen, dass sie weiter bei uns an Bord bleiben", so Magel. Für die luxemburgischen Kunden bleiben die Vertragsbeziehung mit allen Vorteilen auch sofern individuell möglich zur steuerlichen Förderung durch den Staat Luxemburg weiterhin bestehen. Zudem werden sie auch in Zukunft professionell in den Sprachen deutsch und französisch durch die Bausparkasse Schwäbisch Hall betreut.
Die 25 Mitarbeiter und Finanzberater, die derzeit in der Niederlassung und in der Kundenbetreuung tätig sind, sollen alternative Angebote in der Schwäbisch Hall-Gruppe erhalten.
Schwäbisch Hall ist seit 1991 mit einer Niederlassung in Luxemburg aktiv und betreut in Luxemburg ein Bausparvolumen von 4,6 Mrd. EUR.
Regina Sofia Wagner
Bereichsleiterin Kommunikation