De fréiere ProActif Direkter wiert sech no senger Entloossung a klot virum Aarbechtsgeriicht.

Am Februar 2024 ass den Direkter vu ProActif François Georges matt effet immédiat entlooss gi wéinst aggressivem Verhalen an anere Fautes professionnelles – esou huet de President vu ProActif Norbert Conter dem Verwaltungsrot dës Decisioun erkläert. Doropshi wiert den Direkter sech a klot virum Aarbechtsgeriicht géint seng Entloossung, well déi net konform mam Gesetz wier.

An éischter Instanz, dat heescht am Tëschenurteel, krut de Francois Georges net Recht – an elo zitt de fréiere Proactif Direkter eng aner Kaart, déi vun der Befaangenheet.

Et koum engem gelunge vir deemools, dass e Verwaltungsrot just iwwer d'Kënnegung vum Proactif Direkter informéiert, mee net gefrot gi wier, dës Decisioun guttzeheeschen. D'Riichterin huet dat am Juni dëst Joer aanescht gesinn an esou sollen e Mëttwoch d'Argumentatiounen um Hellechgeeschtplateau viru goen.

De Francois Georges a säin Affekot si bis elo net an Appell gaangen, mee weisen elo mam Fanger op d'Aarbechtsgeriicht a speziell op ee vun den zwee Assesseuren, déi, wann et ëm Aarbechtsrecht geet, d'Decisioun zesumme mam Riichter huelen.

Dee Mann ass selwer Member vum LCGB a "membre effectif vum LCGB an der assemblée plénière vun der chambre des salariés". Den LCGB huet de Proactif gegrënnt a war indirekt Patron vum Francois Georges.

D'Geriicht krut also e Méindeg, per Huissier, eng Requête en récusation zougestallt. Heiranner gëtt gefrot, dass den Assesseur vun der Riichterin vun der Affär ofgezu gëtt, well e wéinst der Proximitéit zur LCGB-Chefetage an dësem Prozess net neutral, mee befaange wier.

Fir dem Maître Adam säi Client heescht dat, dass d'Tëschenurteel wéinst Interessekonflikt misst annuléiert ginn. Een Dag, deen am Kalenner vun der Justiz an deem vum LCGB eventuell schwaarz ugekräizt bleift.

Iwwert de Fong vun der Saach wäert nodeems d'Requête e Méindeg um Geriicht ukomm ass wuel eréischt d'nächst Joer diskutéiert ginn. Hoffentlech, sou Georges an Adam, ouni de Member vum LCGB als Assesseur.

Den LCGB President Patrick Dury wollt kee Kommentar zu dëser Requête en récusation ofginn.