"Ech weisen déi Virwërf vun Drock ausüben a Fälschung vun den Zuele vehement of".

Dat sot de Familljeminister Max Hahn e Méindeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun, wou et op Demande vun der LSAP iwwert de Recensement vun de Sans-abrie gaangen ass. Vill Froe géifen nach am Raum stoen, dofir hätt d'LSAP de Minister an d'Kommissioun geruff. Wie gëtt iwwerhaapt bei der Zielung agerechent, wou a wéini gëtt se gemaach an huet de Ministère versicht, d'Zuele bewosst niddreg ze halen?

Kritik wéinst Recensement um Minister / Reportage Claudia Kollwelter

"Et ass awer komesch, dass, wann an deem Bericht vum Ministère vun 360 Opdachlosen an 68 Wunnengslosen, wou mer jo nach en Ënnerscheed maachen. An da vun deene Leit, déi um Terrain sinn, déi soen, mir schwätzen hei vun 900," kritiséiert de Georges Engel vun der LSAP.
 
De Minister Max Hahn huet doropshin erkläert, datt d'Zil vum Recensement eng Momentopnam ass. "Dat heescht zu engem bestëmmten Zäitpunkt ze gesinn, wie lieft dobaussen op der Strooss? Wien iwwernuecht dobaussen op der Strooss?"
 
Tëscht 17 Auer owes a Mëtternuecht géif de Recensement gemaach ginn. Datt an der Press behaapt gouf, et wier Drock op d'Leit ausgeüübt ginn, wollt den DP-Minister net esou stoe loossen. "Bon, hei sinn all déi grouss Träger, déi an deem heite Beräich aktiv sinn, déi heibäi hëllefen. Wann déi virgeworf kréien dobaussen, dass déi sech géifen, stellt Iech emol eng Sekonn vir, ech hätt et gemaach. Mä mengt där, do géing ee vun deenen opgrond vum Drock vum Minister op si, géife se soen, 'ma elo ziele mer just all Zweeten oder déi doten an dës ziele mer net.'"
 
Zanter 2022 gëtt déi Zielung gemaach. Ufanks just an der Stad, antëscht och zu Esch a bei der Wanteraktioun. Fir de Marc Baum vun déi Lénk misst een awer iwwert eng Ausweidung nodenken: "Diddeleng, Déifferdeng si grad esou vun deem Phenomen betraff wéi Esch oder Schëffleng. Virun nach e puer Woche war ech berufflech vill zu Miersch ënnerwee an ech hunn festgestallt, och zu Miersch gëtt et sans abrisme."
 
De Minister Max Hahn huet doropshin betount, datt en net ausschléisse géif, et auszewäiten, dat awer eng Fro vun der Organisatioun wier, well elo schonn iwwer 100 Leit fir de Recensement am Asaz waren.
 
En Dënschdeg ass iwwerdeems den Direkter vun Inter-Actions eisen Invité vun der Redaktioun, déi och um Recensement bedeelegt waren.