Grond dofir ass an der Haaptsaach, datt substantiell méi Suen erakomm sinn, wéi geplangt an och d'Depensen ënnert de Previsioune bliwwe sinn.

Dat schreift d'Cour des Comptes an hirem Rapport, deen e Méindeg publizéiert gouf. Konkret waren d'Recettë bei der Kierperschaftssteier eng 650 Millioune méi héich wéi erwaart. Dat well engersäits d'Avancen eropgesat goufen an anerersäits well eng ganz Rei Steieren, déi nach vu viregte Joren opstoungen, bezuelt goufen.

Gefeelt huet dem Rechnungshaff allerdéngs eng Evaluatioun, wéi vill de Staat um Enn déi ganz Mesurë fir de Logementsmarché unzekuerbelen, kascht hunn. Si fuerdert d'Regierung op, dës Zuelen nozeliwweren. Donieft huet de Rechnungshaff d'Mesurë vun der Regierung géint d'Inflatioun am Joer 2024 analyséiert. Bis Mëtt dëst Joer hat de Staat ronn 80 Prozent vun de Suen ausginn, déi am Kader vum Energiedësch an den dräi Solidaritéitspäck decidéiert gi waren.