Uewen zu Diddeleng mécht zouGlas-Firma Guardian éischt industriellt Affer vu Corona-Kris

RTL Lëtzebuerg
De Wirtschaftsminister Franz Fayot wier an de leschten Deeg iwwert dës Decisioun informéiert ginn. Dat huet hien en Donneschdeg an der Chamber erkläert.

An der Chamberplenière koum en Donneschdeg de Mëtteg d'Confirmatioun: Den amerikanesche Flaachglas-Produzent Guardian mécht säin Uewen um Site Diddeleng zou a stoppt domadder d'Glasproduktioun op deem Standuert. De Wirtschaftsminister Franz Fayot sot, hie wier an de leschten Deeg iwwert dës Decisioun informéiert ginn.

Extrait 1 Franz Fayot

Den Uewe wier al gewiescht an et wiere gréisser Investissementer néideg gewiescht. Dozou wier d'Direktioun awer net méi bereet. Déi Responsabel géingen dovunner ausgoen, datt d'Demande an den nächste Joren ënnert der Corona-Kris géing leiden, esou de Minister. Guardian wier, sou de Franz Fayot, domadder dat éischt industriellt Affer vun der Corona-Kris. D'Beispill géif weisen, datt een och um Standuert Lëtzebuerg näischt méi geschenkt kritt.

Wat bedeit dat fir de Site Diddeleng, op deem, wéi et heescht, nach aner Aktivitéite sinn?

Extrait 2 Franz Fayot

Et sollen eng Rei Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Fir déi concernéiert Mataarbechter soll e Sozialplang ausgeschafft ginn.

En Donneschdeg de Moie schonn hat den OGBL sengem Ierger Loft gemaach, d'Direktioun hätt confirméiert, datt d'Standuerter Diddeleng a Käerjeng solle fusionéieren. E Mëttwoch hätt een eng Reunioun mat der Direktioun gehat, ma Detailer iwwer den Impakt op Aarbechtsplaze wier een do leider net gewuer ginn, bedauert den Alain Rolling vum onofhängege Gewerkschaftsbond.

Alain Rolling: Dat ass d'Intentioun vun den zwou Direktiounen, fir aus den zwou Entitéiten eng ze maachen. Mir gesinn et als fait accompli, mat deem mir muss liewen.

Extrait Alain Rolling (1)

D'Gewerkschaft fuerdert: eng Garantie d'emploi fir déi 450 Salariéë vun de Sitte Diddeleng a Käerjeng, eng Garantie, dass déi geplangten Investitioune fir d'Entitéite vum Guardian-Groupe bäibehalen ginn, e konkreten Industrie-Projet an eng detailléiert Oplëschtung vun de geplangte Chantieren a Mesuren.

Guardian ass ee vun de weltwäite Leaderen an der Produktioun vu Glas. Am Grand-Duché schaffen am Ganze 700 Leit, zu Diddeleng sinn et der 200. Zënter Jore gouf et schonn Iwwerleeungen, fir zu Diddeleng den Uewen definitiv auszemaachen. Bis ewell konnt dat awer ëmmer evitéiert ginn. Ënnert anerem hat de viregte Wirtschaftsminister Etienne Schneider nach am Mammenhaus an den USA intervenéiert, fir datt weider zu Lëtzebuerg investéiert géif.

D'Diddelenger LSAP-Deputéiert Dan Biancalana a Mars di Bartolomeo hunn an dëser Saach en Donneschdeg de Moien och eng urgent parlamentaresch Fro un de Wirtschaftsminister Franz Fayot gestallt.

PDF: Dréngend parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO