Am November 2022 soll nämlech och de Glasuewen zu Käerjeng um Enn vu senger Lafzäit ukommen a misst deemno ersat ginn. Dat wär fréier och an Aussiicht gestallt ginn, ma nodeem leschten Hierscht d'Demande zréckgoung an elo och nach d’Pandemie bäikoum, wär näischt méi sécher.
Bei enger Reunioun d'lescht Woch tëscht de Personaldelegatiounen an den Direktioune vu Käerjeng an Diddeleng wär gesot ginn, datt elo emol keng Investissementspläng méi virgesi wieren. Wat d’Erneierung vum Uewe vu Käerjeng ugeet, kréich ee réischt Enn 2021 eng Äntwert, sot eis de Vincent Collin, President vun der Personaldelegatioun vu Guardian Käerjeng.
De Manuel Dias, 54 Joer, schafft zanter 2009 beim Glasproduzent. Hien ass ëmsou méi besuergt ëm d’Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg, well Guardian a Polen eng nei Fabrick a Betrib huele géif, mat der duebeler Capacitéit vu Lëtzebuerg.
Vu Guardian selwer war näischt gewuer ze ginn. Et kéint een aktuell keng Detailer ginn, huet et op Nofro geheescht. Weder wat d’Zukunft vum Glasproduzent zu Lëtzebuerg ugeet, nach wéi een Impakt d’Fermeture vum Uewen zu Diddeleng op d’Aarbechtsplazen huet. Well och hei tappen d’Gewerkschaftler nach ëmmer am Donkelen. Rieds geet vun enger Fusioun vun den zwou Entitéiten. Deemno wäre vun der Diddelenger Fermeture och d’Leit vu Käerjeng betraff.
450 Leit schaffen op den zwee Sitten. D’Aarbechtsklima wär den Ament ugespaant, d’Angscht grouss. Besonnesch och, well vill eeler Mataarbechter an der Firma schaffen. Fir si géif et elo an der Wirtschaftskris nach méi schwéier ginn, eng nei Plaz ze fannen.
2016 gouf Guardian vu Koch Industries iwwerholl, der US-amerikanescher Multimilliardär-Famill, déi de Republikaner no steet, sech allerdéngs vum President Trump distanzéiert. Ma zanterhier d’Kochs um Rudder wieren, géif hei zu Lëtzebuerg méi e raue Wand blosen.
D’Glasfabrick zu Käerjeng war 1980 den éischte Standuert vu Guardian an Europa, dat op Initiativ vum Lëtzebuerger Ferd Kohn. Dass elo grad dës Fabrick verschwanne kéint, deet dem Vincent Collin, President vun der Personaldelegatioun vum Käerjenger Site besonnesch wéi.