Op den 1. JuliDéi provisoresch Aglidderung vum Landesverband an den OGBL ass Realitéit ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Dezember zejoert war déi Decisioun schonns op Kongresser vu béide Gewerkschafte mat grousser Majoritéit guttgeheescht ginn.

No Preparatiounsaarbechten vu 6 Méint, ass op den 1. Juli de Landesverband dann elo de 16. professionelle Syndikat bannent dem OGBL, mat Schwéierpunkt natierlech vun der Eisebunn.

An engem Schreiwes gouf och präziséiert, dass de Georges Merenz, deen zanter 2017 President vum Landesverband war, d’nächst Woch am OGBL-Nationalcomité als drëtte Vizepresident wäert proposéiert ginn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO