Post Finance confirméiertOp der Eboo-App ginn et weider Problemer mat de Virements instantanés sortants

Maxime Gillen
Leit, déi e Compte bei der Post hunn, kënnen aktuell nach ëmmer keng Direktiwwerweisunge maachen.
© Shutterstock / RTL Grafik

Bei der Post-Bank kënnen d'Clienten no der Migratioun vum informatesche System uganks des Mounts weider keng Echtzäit-Virementen maachen. Dat huet RTL op Nofro confirméiert kritt. Deemno funktionéieren d'Virements instantanés op Post-Konten normal, ma vun der Post aus fort nach net. Alles anescht misst dogéint wéi gewinnt klappen, esou d'Post. Wier dat net de Fall, wier dat en anere Probleem an net op d'Erneierung vun der zentraler Bankeninfrastruktur zeréckzeféieren.

Beim Contact Center vu POST Finance kéint et dann och ëmmer nach zu laange Waardezäite kommen, well dësen aktuell vill méi Appelle vu Clienten kritt, déi Froen hunn. An dat obschonn d'Ekippen u sech däitlech verstäerkt goufen.

D'Post confirméiert och, datt déi aktuellste Versioun vun der Eboo-App am Apple respektiv Google Play Store ze kréie wier.

Back to Top
CIM LOGO