
Um Donneschdeg ass den Earth Overshoot Day. De Grand-Duché hat säin Overshoot Day awer schonns Mëtt Februar a lant domat am Ranking vun deene Länner, déi hir Ressource fir d'Joer am séierste verbrauchen op der traureger zweeter Plaz, direkt hannert dem Katar.
En Vue vum Earth Overshoot Day hate Votum Klima a Seniors for Climate eng Aktioun um Findel geplangt.
Eng Dose Leit hate sech um zéng Auer virun der Entrée vum Findel versammelt mat engem e bësse méi spezielle Panneau. De Léonard Andersen vum CELL erkläert d'Aktioun: "C'est un tableau de départ et qui nous dit qu'il y a des choses qui sont annulées, il y a des choses qui sont en cours et il y a des choses qui sont retardées. Les retardées, par exemple, ça va être les accords de Paris. Annulées, ça va être les objectifs de 1,5 et puis en cours, c'est le réchauffement climatique."
Den Ausbau vum Flughafen stéing a Kontradiktioun mat eise Klimaziler, kritiséieren d'Memberorganisatiounen, dorënner eeben de CELL, d'ASTM a Greenpeace. Amplaz de Findel auszebauen, missten déi séier Zuchverbindunge weiderentwéckelt ginn.
"On voit que dans le top 10 des destinations de l'aviation depuis le Luxembourg, une grande partie c'est moins de 800 km. 800 km c'est quoi ? C'est selon le GIEC, là où le train est compétitif, là où le train peut prendre des parts modales sur l'aviation. Donc qu'est -ce qu'il faut faire ? Il faut avoir une vision en 2050, 2100, on parle de ça, d'un rail rapide européen qui relie les grandes capitales et désenclaver finalement le Luxembourg pour avoir de la rapidité vers Bruxelles, Amsterdam, Francfort, Londres, etc."
Vun en Donneschdeg u liewe mer also souzesoen nees op Kredit fir dëst Joer, wat eis Ressourcë weltwäit ugeet. An anere Wierder, eis Biokapazitéit ass verbaucht, präziséiert den David Hoffmann vun der Associatioun Action Solidarité Tiers Monde. De Grand-Duché huet seng Limitt schonn de 17. Februar iwwerschratt.
"Dat heescht, mir sinn do extreem fréi am Joer drun, wou mir u sech eng Ressourcë-Consommatioun hunn, déi wäit iwwert dat erausgeet, wat Lëtzebuerg kéint un natierleche Ressourcë regeneréieren."
Votum Klima géing sech net géint de Fortschrëtt wieren, villméi géing et dorëmmer goen, de materielle Wuesstem a Fro ze stellen, an engem Land, dat scho wäit iwwer seng Limitten erausgeet an iwwerduerchschnëttlech vill consomméiert. D'Responsabilitéit gesäit d'Plattform net bei den eenzele Leit, mee bei den Decideuren. Et wieren déi politesch Choixen, déi géingen dozou féieren, datt d'Leit méi géinge consomméieren oder fléien.
Um Tarmac ass aktuell Plaz fir eng 27 Fligeren. Nom Ausbau kéinten duebel esou vill Fligere gläichzäiteg de Findel notzen.