An der Consultatiounsdebatt iwwert ëffentlech-rechtlech Medien an der Chamber, hu sech DP, LSAP, Gréng an CSV géint eng Taxe fir d’Tëlee ausgeschwat.

D'Regierungsparteien an d'Oppositioun hu sech en Dënschdeg an enger Consultatiounsdebatt iwwert d’ëffentlech-rechtlech Medien an der Chamber géint eng Tax, eng Aart "Rundfunkgebühr", fir d’Tëlee ausgeschwat. Vun nächstem Joer un a fir 3 Joer iwwerhëlt de Staat den Defizit bei RTL Tëlee bis zu 10 Milliounen Euro pro Joer, en Contrepartie engagéiert sech RTL Tëlee weider e Programm op Lëtzebuergesch ze liwweren. Esou gesäit et d’Konventioun tëscht der Regierung, RTL Group a Clt-Ufa vun 2017 vir, déi fir 2021 bis 2023 nach mat gëllt.

Elo scho muss eng nei verhandelt gi fir no 2023 an den DP-Medieminister Xavier Bettel proposéiert, sou virunzemaachen, wéi elo: „fir déi Konventioun, déi mat RTL besteet, ze verlängeren.“ RTL ass privat a kommerziell, mä duerch d’Konventioun mat der Regierung huet de Sender eng Rei ëffentlech rechtlech Aufgaben op der Tëlee, um Radio an um Internet.

En „100,7-Gesetz“

Ganz ëffentlech-rechtlech ass de Radio 100,7. Dee kritt bal 7 Milliounen Euro d’Joer aus dem Staatsbudget. Well de Xavier Bettel sech keng Kolleege gemaach huet, wéi hien 2017 säi Kolleeg Laurent Loschetter als President vum Verwaltungsrot vum 100,7 genannt hat, de Laurent Loschtter huet an der Tëscht demissionéiert, huet de Premier confirméiert, datt de soziokulturelle Radio en eegent Gesetz an dat d’Nominatiounsprozedur méi „oppe“ gëtt.

Wat soen d'Deputéiert?

Fir alles, wat ëffentlech-rechtlech ass, gëtt et Geld, mä dorunner hänken och Krittären, wéi ënnert anerem Onofhängegkeet, Objektivitéit oder Deontologie. D’CSV-Deputéiert Diane Adehm huet vun engem ëffentlech-rechtleche Medium verlaangt, manner „elitär“ ze sinn a besser ze „verpaken“. Och déi Gréng hu fir Qualitéitskrittäre plädéiert. No der Lunghi Affär 2016, wou RTL ethesch Feeler virgehäit krut, huet RTL sech reorganiséiert an huet sech Gremie ginn, dorënner en Ethikcomité.

Laut Konventioun vun 2017 kritt RTL och e Comité de Suivi. Hei kënnt och ee Member vun der Chamber dran an déi gréng Deputéiert Djuna Bernard sot "da misst elo sou lues wëssen, wien dat gëtt". D’Deputéiert David Wagner vun déi Lénk a Francine Closener vun der LSAP, béid fréier Journalisten, hu betount, Qualitéit kéim net zum Nulltariff. "Elo gëtt et Zäit, fir déi nächst Phas a puncto ëffentlech-rechtlech Medien zu Lëtzebuerg, déi méi wichteg sinn, wéi jee virdrun" », sou d’Francine Closener.

D’ADR huet sech prinzipiell géint, Zitat, „staatlech Tëlee“ a „Staatsradio“ ausgeschwat. Den Deputéierte Roy Reding huet erkläert, ewéi Medien net neutral sinn an dowéinst d’Fro vun der Ligne editoriale wichteg ass. Et dierf net sinn, datt ee Journalist an enger Carte Blanche, wéi dat 2009 de Fall war, seng Partei als „Brong“ bezeechent.