“Déi digital Finanztechnologië sinn d’Zukunft an nieft de Banke mat den Assurancen an der Fongenindustrie dat drëtt Standbee vu Lëtzebuerg”, sou de Finanzminister Gilles Roth e Méindeg op der Ouverture vum “AI Experience Centre” zu Bouneweg, bei där och de Grand-Duc Guillaume an de Premier Luc Frieden present waren. Den Zenter ass eng interaktiv Plattform, op där Applikatioune vu kënschtlecher Intelligenz net nëmmen erkläert, mee konkret gewise ginn.
Méi wéi 20 Live-Demonstratiounen erlaben et, verschidden Technologien direkt ze gesinn an och ze verstoen, wéi se am Alldag vum Finanzsecteur agesat ginn.
Mam “AI Experience Centre” mécht Lëtzebuerg e weidere Schratt an der Digitaliséierung vum Finanzsecteur. Initiéiert gouf de Projet vum Luxembourg House of Financial Technology (LHoFT) – eng Plattform, déi Finanzinstitutiounen, Start-ups an Technologiepartner zesummebréngt, fir Innovatioun am Finanzberäich ze promouvéieren. Den Zenter selwer ass direkt an de Raimlechkeete vum LHoFT ënnerbruecht.
Wéi de Generaldirekter Nasir Zubairi ënnersträicht, geet et dobäi virun allem drëm, d’Adaptatioun vu kënschtlecher Intelligenz am Finanzsecteur méi séier virun ze bréngen: “Den AI Experience Centre ass en Zenter mat Live-Demonstratiounen an Inspiratioun ronderëm Kënschtlech Intelligenz, fir d’Notzung vu KI am Finanzsecteur zu Lëtzebuerg virunzedreiwen. Et geet drëms, d’Leit ze begeeschteren an hinnen ze weisen, wat haut schonn alles méiglech ass – fir datt si zeréck an hir Entreprisë ginn a sech froen: Wat kënne mir maachen? Wéi kënne mir virukommen? Wéi fänke mir un, KI konkret anzesetzen.”
Den Zenter ass Deel vun enger nationaler Strategie, mat där Lëtzebuerg kënschtlech Intelligenz geziilt an d’Wirtschaft integréiere wëll, fir international kompetitiv ze bleiwen.
KI spillt eng ëmmer méi grouss Roll am Finanzsecteur, sou de Finanzminister Gilles Roth, a gëtt ewell a ville Finanzdéngschtleeschtungen agesat, zum Beispill an der Approche vu Clienten.
“Wat fir eng Risikoe biergt de Client, wat fir een Investment-Profil huet de Client. KI gëtt geholl um Niveau vun Investment-Strategien, fir ze préiwen, wat ass déi beschten Investment-Strategie, déi op de Client passt. An dann natierlech gëtt KI och geholl fir ze kucken, wat fir eng Informatioune gëtt de Client mir, fir dass hien à règle ass mat alleguer de Compliance-Ufuerderungen, déi d’Finanzdéngschtleeschtung-Reglementéierunge stellen”, sou de Gilles Roth.
Am Géigesaz zu enger klassescher Ausstellung ass den Zenter als dynamesche Raum opgebaut, wou d’Technologien net nëmme gewise ginn, mee och reegelméisseg aktualiséiert an un déi séier Entwécklungen am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz ugepasst ginn, wéi den Nasir Zubairi, erkläert.
“Den Zenter ass a verschidde Beräicher opgedeelt, déi sech un de Stäerkte vum Finanzsecteur zu Lëtzebuerg orientéieren. Et gëtt zum Beispill eng Zon fir Verméigensverwaltung, eng fir ESG-Themen, eng fir Compliance an nach aner. D’Zil war et, en Ëmfeld ze schafen, dat interaktiv an uspriechend ass, wou Entreprisen a Visiteuren aktiv matmaache kënnen. Si kënnen déi verschidden Demonstratiounen aus deene Beräicher selwer ausprobéieren an esou konkret erliewen, wat mat dësen Technologien alles méiglech ass”, sou den Nasir Zubairi.
Am Kär handelt et sech ëm eng interaktiv Plattform, op där d’Applikatioune vu Kënschtlecher Intelligenz net nëmmen erkläert, mee konkret gewise ginn. An engems versteet sech den AI Experience Centre als Plattform fir Austausch an Zesummenaarbecht. Iwwer Partnerschaften a Programmer vum LHoFT soll och d’Formatioun gestäerkt ginn, fir Fachleit weiderzebilden an déi nächst Generatioun op déi technologesch Verännerunge virzebereeden.
Nieft Fachleit a Start-ups aus dem Finanzsecteur riicht sech den Zenter awer och u Studenten, fir hinnen ze weisen, wéi kënschtlech Intelligenz konkret agesat gëtt, a fir si op d’Zukunft am Finanzsecteur virzebereeden.