
No Jore vu Blockaden a schwéiere Verhandlungen hu vill EU-Leader, no der däitlecher Néierlag vum Viktor Orban bei de Walen an Ungarn, eng gewëssen Erliichterung gespuert. Vun der Ënnerstëtzung fir d’Ukrain bis hin zu de Sanktioune géint Russland. Den ungaresche Regierungschef hat ëmmer nees wichteg Initiative vun der EU blockéiert.
Elo, wou säi Géigner Peter Magyar sech drop virbereet, d’Muecht ze iwwerhuelen an eng nei Bezéiung mat Bréissel versprécht, stellt sech d’Fro, wéi séier verschidden Dossiere kënnen opgeschafft ginn.
Am dréngendsten ass e Prêt vun 90 Milliarden Euro fir d’Ukrain, deen de Viktor Orban blockéiert hat, well hien seng Oppositioun géint d’Hëllef fir Kiew zu engem wichtege Walkampf- Thema gemaach hat. Säi Veto, verbonne mat engem Sträit mat der Ukrain iwwer eng beschiedegt Pipeline fir russeschen Ueleg, hat seng EU-Partner rose gemaach, besonnesch well hien am Ufank zougestëmmt hat.
De konservative Peter Magyar gëllt net als groussen Ënnerstëtzer vun der Ukrain. En Accord fir de Prêt wier eng einfach Méiglechkeet, fir d’Vertraue géintiwwer Bréissel nees opzebauen. Och d’Ukrain muss dobäi matspillen: De President Wolodymyr Selenskyj misst sech beim Pipeline-Sträit kompromëssbereet weisen an seng Rhetorik änneren.
“Fréier oder spéider muss dat geléist ginn. Hoffentlech méi fréi”, sot en EU-Diplomat der AFP.
Am selwechte Kontext kéint de Peter Magyar och eng Ännerung an der Haltung vun Ungarn vis-à-vis vu Russland weisen, andeems hien en aktuell blockéierte Sanktiounspak géint Moskau ënnerstëtzt. De Viktor Orban, deen trotz Krich gutt Bezéiunge mam Wladimir Putin huet, gouf dacks kritiséiert, als eng Zort “trojanescht Päerd” fir de Kreml an der EU.
Ungarn hat scho virdru Sanktioune verzögert, a rezent och nei Mesurë blockéiert.
Wa Budapest an dësem Politikfeld manner blockéiert, da géif d’Slowakei mat hirem Premier Robert Fico als eenzegen EU-Staat iwwreg bleiwen, dee Russland nach no steet.
Eng méi laangfristeg Fro ass d’EU-Memberschaft vun der Ukrain. De Viktor Orban hat sech ëmmer géint eng Opnam vu Kiew gewiert an och an dëser Fro blockéiert. Den neie staarke Mann an Ungarn huet e Referendum iwwer d’Memberschaft vun der Ukrain ugekënnegt a wier net onbedéngt einfach ze iwwerzeegen.
“Mir däerfen net erwaarden, datt Ungarn op eemol ganz pro-Ukrain gëtt”, sot en aneren Diplomat der Noriichtenagence AFP.
Och aner, méi skeptesch Länner kéinten elo méi oppen hir Positioun weisen, amplaz sech hannert Ungarn ze verstoppen.

Fir de Peter Magyar geet et net nëmmen ëm d’europäesch Unioun, mee virop och ëm konkret Virdeeler fir d’Land. D’EU huet ronn 18 Milliarden Euro fir Ungarn agefruer wéinst Kritik un demokratesche Réckschrëtt, Korruptioun an de Rechter vu Minoritéiten, déi net respektéiert goufen.
De Peter Magyar huet bis Enn August Zäit, Reformen unzegoen, fir nach e gudden Deel vun de Corona-Hëllefen ze kréien. D’EU kéint hei séier reagéieren, wéi si et schonn a Polen gemaach huet.
Nieft de konkreten Dossieren hoffen d’EU-Vertrieder och op eng méi konstruktiv Atmosphär. D’Relatioune mam Viktor Orban ware géint Enn ëmmer méi ugespaant, besonnesch wéinst senge Kontakter zu Moskau.
“Ech mengen, jidderee wäert de Magyar mat méi Oppenheet empfänken”, sot en EU-Beamten.