
Den US-President huet schaarf Kritik um Poopst Leo XIV. geäussert, nodeem de Kierchepapp en Appell fir Fridde lancéiert hat. “Ech si kee grousse Fan vum Poopst Leo”, sot den Trump e Sonndeg géintiwwer Journalisten. Méi spéit huet den US-President och zwee Posts op Truth Social publizéiert, an deem hie sech eng Kéier als Jesus Christus duerstellt an an deem hie weider géint de Poopst virgeet.
E Samschdeg hat de Leo XIV. zesumme mam franséische President Macron sech fir Fridden an der Welt ausgeschwat. Hannergrond ass den aktuelle Krich am Iran. De Pontifex huet déi “sënnlos an onmënschlech Gewalt” am Noen Oste verurteelt an huet och erkläert, datt d’Chrëschten net un der Säit kéinte stoen, déi “haut Bomme gehäit”. Virun de Gleewegen am Péitersdoum sot de Poopst kloer: “Genuch vum Krich”!
Den Trump wërft dem Poopst elo vir, “mat engem Land ze spillen, dat eng Atomwaff wëll.” De Leo XIV. wier “eng ganz liberal Persoun an hien ass ee Mann, deen net doru gleeft, Verbriechen ze stoppen”, esou den Trump weider. Méi spéit huet hien op Truth Social nach dobäi geschriwwen: “Ech wëll kee Poopst, dee gleeft, datt et an der Rei wier, wann den Iran eng Atomwaff hätt”.
De kathoulesche Kierchepapp wier “schwaach, wann et ëm Kriminalitéit geet a schrecklech an der Aussepolitik”, erkläert den Trump weider. Iwwerhaapt wier de Robert Francis Prevost, esou de biergerlechen Numm vum Leo XIV., just Poopst ginn, well hien en US-Bierger wier a “si gleewen, datt et de beschte Wee wier, fir mam President Donald J. Trump ëmzegoen. [...] Wann ech net am Wäissen Haus wier, wier de Leo net am Vatikan.”
Kuerz drop huet den Trump eng Foto vu sech publizéiert, déi mat KI generéiert gouf, an där hie sech als Jesus Christus duerstellt, deen e Kranken heelt, andeem hien him d’Hand op d’Stier leet. Am Hannergrond vum Bild erkennt ee groussen amerikanesche Fändel. D’Wäisst Haus hat jo scho méi dacks KI-Biller vum US-President publizéiert. Eent dovunner hat den Trump als Poopst gewisen.
De richteg gewielte Poopst Leo XIV. ass jo an den USA gebuer an huet scho méi wéi eng Kéier d’Politik vum Donald Trump kritiséiert. Rezent hat de Pentagon zu Washington esou wéi och de Vatikan Medieberichter zeréckgewisen, deenen no e Representant vum Hellege Stull an den US-Verdeedegungsministère zitéiert gouf an d’Lewitte gelies krut.
Nodeem den Trump en Dënschdeg mam Ausläsche vun enger “ganzer Zivilisatioun” gedreet hat, hat de Poopst d’Menacë géint zivil Ziler am Iran als “inakzeptabel” verurteelt. No der Reaktioun vum US-President an de soziale Medien, huet de Leo XIV. just wësse gedoen, datt hien net d’Absicht hätt, mam Trump an eng Debatt unzefänken. “Ech si kee Politiker”, sot de Poopst géintiwwer Reporter vu Bord vu sengem Fliger, wéi dësen a Richtung Algerien gestart ass. “Ech hu keng Intentioun op eng Debatt (mam Trump). De Message ass dee selwechten: Sech fir Fridden anzesetzen.”
De Krich am Iran hat Enn Februar mat Attacke vun den USA an Israel op déi Islamesch Republik ugefaangen. Zanter e puer Deeg gëllt eng Wafferou tëscht den USA an dem Iran. An den éischten direkte Verhandlungen tëscht Washington an Teheran iwwert en Enn vun de Kämpf e Samschdeg ass awer kee Resultat erauskomm.