E Méindeg de Moie goung et an der Chamberkommissioun ëm d'Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg.

Am Fokus vun der parlamentarescher Kommissioun vun der Immigratioun, bannenzeger Sécherheet a Justiz stoung d'Kooperatioun tëscht den Administratiounen an der Lutte géint d'Drogekriminalitéit hei am Land. Dat Ganzt op Demande vun der ADR.

D'Koordinatioun um ministerielle Niveau schéngt an dësem Dossier net wierklech gutt ze funktionéieren, huet de Fernand Kartheiser den Androck. Am RTL-Interview sot eis den ADR-Deputéierten no der Reunioun, dass legislativ Lacunne bestinn a puncto Immigratioun.

Et ass jo en oppent Geheimnis, dass virun allem an der Stad den Drogeproblem duerch Leit besteet, déi aus Afrika op Lëtzebuerg koumen a sech zum Deel net legal am Land ophalen. Rieds ass jo dacks vu reegelrechte Clanen aus Nigeria oder anerem méi nordafrikanesche Länner gaangen.

De Fernand Kartheiser prangert de Fait un, dass et net illegal wier, fir sech illegal hei zu Lëtzebuerg opzehalen.

Wat komesch kléngt, ass a Realitéit awer sou, dass keng Strofen drop stinn, wann ee sech bewosst illegal zu Lëtzebuerg ophält an et doduerch ferm Problemer ginn, wann et drëms geet, Leit zeréckzeschécken.

Fernand Kartheiser: "T'ass einfach esou, dass d'Zesummenaarbecht mat verschidde Staaten an Ambassaden och net funktionéiert, fir kënne Leit zeréckzeschécken. Et si virun allem Maghreb-Länner wéi Tunesien, Marokko, Algerien oder och Nigeria, déi hei viséiert sinn. D'Leit sinn entweder ouni Pabeieren hei oder just mat Deel-Pabeieren oder falschen. Do ass eng Situatioun, wou da probéiert gëtt, timidement mat de konsulareschen Autoritéiten zesummenzeschaffen fir déi Leit an hir Länner zréckzebréngen. De Jean Asselborn sot eis, dass een heiansdo Leit zu Bréissel hätt, déi net gär mat eis zesummeschaffen. Do ass da keen Drock derhannert. Dat ass dach net tolerabel, dass et um gudde Wëlle vun engem konsularesche Beamten zu Bréissel hänkt, ob mir Leit a Länner kënnen zeréck bréngen oder net."

Extrait Fernand Kartheiser

Gesetzlech Lacunnen

De Fernand Kartheiser sot eis och, dass d'Kollaboratioun tëscht der Police an der Justiz hei am Land zwar gutt géif funktionéieren, mä ab engem gewëssenen Niveau wieren och hinnen op Grond vun gesetzleche Lacunnen d'Hänn gebonnen.

Fernand Kartheiser: "Se ginn dann awer nees hänke gelooss, wann et drëms geet, dass déi Leit iwwerhaapt heihinner kommen. Et gëtt keng ofschreckend Wierkung. Wa se scho wéissten, dass en illegale Sejour um Territoire strofbar wier, da géifen der vläicht vill guer net kommen. Mä soulaang dat ass, komme se. A soulaang hu mir och de Problem. An dann ass et net just d'Fro nom Sejour illegal, mä t'ass och d'Fro, wat geschitt da mat deenen, wa se expulséiert ginn an en anert Dublin-Land, an da komme se zeréck? Dat sinn alles Situatioune vun enger Absurditéit, well déi Administratiounen, déi un der Front stinn, mat enger Passivitéit concernéiert sinn. T'ass net d'Schold vun de Beamten, t'ass de Minister, dee responsabel ass. Schlussendlech ass et déi passiv Haltung vum Minister, deen esou Situatioune begënschtegt a keng Politik mécht, déi dat do evitéiert."

Extrait Fernand Kartheiser

Et soll awer nogebessert ginn, gouf e Méindeg de Moie versprach, an de Jean Asselborn huet d'Deputéiert op den Hierscht vertréischt.

No der parlamentarescher Rentrée wëll d'ADR op alle Fall do derhannert bleiwen. Et misst een onbedéngt politesch géint dee Problem virgoen. De Fernand Kartheiser schwätzt vun engem reelle Problem. Vu Leit, déi bewosst illegal am Land wieren, fir kriminell Aktivitéiten ze maachen. Politesch wier do eng Passivitéit, déi net ze toleréiere wier.

Dat alleréischt, wat misst gemaach ginn, wier déi legislativ Lacunnen an deem Sënn z'eliminéieren, an decidéiert virgoen, fir déi concernéiert Leit nees ze rapatriéieren, respektiv z'internéieren. E kéint een dem Fernand Kartheiser no op alle Fall net an enger legaler Situatioun bleiwen, wéi si den Ament existéiert.

Legislativ Lacunnen? Ausseminister relativéiert

Den Aussen- an Immigratiounsminister huet op RTL-Nofro hin déi Kriticke vum ADR-Politiker relativéiert. D'Zesummenaarbecht vun den Instanzen hei am Land géif gutt funktionéieren, sot eis de Jean Asselborn. D'Leit vun der Immigratioun an d'Police géifen enk kollaboréieren.

De Jean Asselborn ass formell: Et géif och keng legislativ Lacunne ginn! Et misst een ënnerscheeden tëscht Leit, déi sech illegal op Lëtzebuerger Territoire ophalen, an deenen, déi legal hei wieren.

Bei den Illegale wier et esou, dass si just dann zeréck an hiert Land kéinte geschéckt ginn, wann hir Identitéit zweiwelsfräi gekläert ass, an et misst och en Accord mat deem Land ginn, wou se nees mussen hin. Dat wier heiansdo problematesch, gëtt de Jean Asselborn zou. Mä et géif Reegele ginn, un déi ee sech géif halen. Relativ problematesch wier et den Ament beispillsweis mat Tunesien. De Jean Asselborn huet eis erkläert, dass et dacks och eng Saach vu guddem Wëllen wier, op Säite vun den diplomatesche Vertriedunge vun de jeeweilege Länner zu Bréissel. Et géif heiansdo laang daueren, bis do Decisioune falen, mä dat léich eben net reng a Lëtzebuerger Hand.

Et géif an der Drogenzeen awer och eng ganze Rëtsch Leit ginn, déi sech legal zu Lëtzebuerg ophalen. Déi beispillsweis Asyl an engem aneren EU-Land hunn an domadder och d'Recht hunn, sech bis zu 3 Méint an engem aneren EU-Land opzehalen. Loossen déi Persoune sech dann hei zu Lëtzebuerg eppes zu Schued kommen, kënne se an deem Land, wou se Asyl kruten, déi Protektioun nees ewechgeholl kréien.

Den Immigratiounsminister konnt op Nofro hi versécheren, dass just e ganz minimme Prozentsaz vu Leit, déi hei zu Lëtzebuerg eng international Protektioun froen, eppes mat der Drogenzeen ze dinn hätten.

Et wier een amgaangen ze kucken, fir "d'Immigratiounsgesetz vläicht e bëssen zouzezéien".