Nodeems eng Rumeur d'Ronn gemaach hat, den "Elztal Hotel" géing Lëtzebuerger trotz negativem Test net eraloossen, war d'Kritik op Facebook grouss.

Wéi et an engem Post op Facebook e Samschdeg geheescht hat, géif den Hotel zu Niederwinden a Baden-Württemberg keng Lëtzebuerger eraloossen. Och net mat engem negativen Test. An de leschten Deeg waren ëmmer nees aus verschiddenen Deeler vun Däitschland änlech Meldunge komm, nodeems de Robert Koch-Instiut (RKI) Lëtzebuerg als Risikoland agestuuft hat.

Nodeems dee Post iwwer 1.250 Mol gedeelt gouf an d'Reaktiounen deels immens negativ waren, huet den "Elztal Hotel" reagéiert.

"Et wier een aktuell an enger aussergewéinlecher Situatioun duerch d'Corona-Kris. Et wier ee mat Restriktiounen a stänneg aneren Informatioune vun den zoustännegen Autoritéite confrontéiert.

Nodeems den RKI Lëtzebuerg als Risiko agestuuft huet an den Ausseministère eng Warnung virun net noutwennegen, besonnesch awer touristestesche Reesen op Lëtzebuerg gewarnt hat, hätt ee sech am Hotel drop gëeenegt, aus Sécherheetsgrënn dës Mesure ze huelen a keng Lëtzebuerger méi opzehuelen.

Vun de Virwërf, dass dëst rassistesch Hannergrënn hätt, wéilt ee sech ausdrécklech distanzéieren. Et géing een nach emol eendeiteg ënnersträichen, dass all Gaascht, egal wéi eng Nationalitéit, wëllkomm wier.

Déi Responsabel wieren duerno driwwer opgekläert ginn, dass et awer weiderhin erlaabt wier, och Lëtzebuerger am Hotel z'acceptéieren, dëst dann awer, wann een en negativen Test ka virweisen. Dëst wéilt ee sech am Laf vun der nächster Woch nach vun offizieller Säit confirméiere loossen.

Si géife sech fir déi ganz Situatioun entschëllegen an et hätt een ni an iergendenger Form ee wéilten diskriminéieren."