Technologie soll hëllefen, fir dass d'Locatairë manner Frust hunn

© AFP (Archiv)
Déi lescht Deeg stoung d'Luxexpo um Kierchbierg ganz am Zeeche vum Logement. Et war net just d’Home Expo, mä och d’Semaine nationale du Logement.
An deem Kader war eng Konferenz iwwer Innovatioun am Wunnengsberäich, op där verschidden Experten dem Public erkläert hunn, wéi si sech Wunnen an Zukunft virstellen
Ee vun hinne war de Stewart Davison, deen der fester Iwwerzeegung ass, datt Technologie am ëffentleche Wunnengsbau dozou ka bäidroen, datt Locatairë manner frustréiert sinn. De Stewart Davison kënnt aus Groussbritannien an huet duerch Zoufall zwou Woche virum Covid-Lockdown e Projet lancéiert, dee grad an där Zäit besonnesch gehollef huet, mä vun deem hien iwwerzeegt ass, datt en och an Zukunft villes méi einfach ka maachen.
Graff resuméiert geet et drëms, datt e Locataire, deen e Problem a senger Wunneng huet, wéi zum Beispill e Krunn, deen drëpst, net automatesch eng Persoun geschéckt kritt, déi dat soll flécken, mä fir d’éischt mat enger qualifizéierter Persoun iwwert de Smartphone kuckt, wat de Problem ass. Esou datt d’Aarbechter, wa se kommen, fir de Krunn ze flécken, scho genee wëssen, wat lass ass an och déi richteg Stécker dobäi hunn. Dat géif, sou de Stewart Davison, jidderengem Zäit spueren, och dem Locataire, dee sech méiglecherweis extra op der Aarbecht muss fräi huelen.
Hien huet ee Beispill aus der Covid-Zäit genannt, wou eng schottesch Firma, déi mat esou engem System schafft, an der éischter Woch vum Lockdown eng gréisser Katastroph fir d’Leit an enger Residence konnt verhënneren:
"E Locataire an Nout huet ugeruff, well Waasser aus senger Wäschmaschinn géif lafen an déi ganz Kiche géif iwwerschwemmen. D’Organisatioun, déi sech ëm d’Gebai këmmert, huet realiséiert, datt et ëm eng Wunneng um éischte Stack goung, an datt d’Waasser Schued um Stack drënner kéint maachen."
Dat huet elo nach net vill mat Technologie ze dinn, mä déi koum dunn awer ganz séier an den Asaz. De Locataire konnt sech iwwert e Link mat engem Installateur verbannen:
"Den Installateur huet de Locataire fir d’éischt gefrot, mam Telefon op déi Plaz ze goen, wou een d’Waasser ofspäre kann, fir ze verhënneren, datt et weider leeft. Duerno gouf de Locataire gefrot, de Stecker vun der Wäschmaschinn erauszezéien an e Rouer lasszeschrauwen. Et gouf festgestallt datt d’Dichtung futti wier. Den Installateur huet dem Locataire du gesot, wou hien nach esou e Rouer kéint hunn, fir Dichtung do erauszehuelen an d’Wäschmaschinn ze flécken."
D’Potential vun der Technologie géing awer vill méi wäit, seet de Stewart Davison. A Groussbritannien géife verschidden Organisatioune respektiv Firmen d’Kënschtlech Intelligenz asetzen, fir proaktiv Problemer ze verhënneren, andeems d’KI zum Beispill virum Wanter detektéiert, datt d’Heizung deemnächst riskéiert, Problemer ze maachen oder och Fiichtegkeet a Wunnenge verhënnert, ier do Schimmel entsteet an d’Leit krank ginn.
De Stewart Davision hält awer drop, datt d’Technologie net dierf genotzt ginn, fir Mënschen z’ersetzen, mä si sollen esou déi néideg Zäit kréien, fir sech ëm Problemer ze këmmeren, wou Empathie gefrot ass. Déi kéint d’KI nämlech net ersetzen.