E Sonndeg den Owend war de Premier Sébastien Lecornu am Elysée beim President Emmanuel Macron.

E Sonndeg den Owend huet den Elysée d'Nimm vun de Ministere vun der neier Regierung vum Premier Sébastien Lecornu bekannt ginn. E Freideg hat de President Emmanuel Macron de Lecornu op en Neits zum Premier ernannt, dat nodeems dëse vu sengem Posten zeréckgetruede war.

Bliwwe sinn den Ausseminister Jean-Noël Barrot, de Wirtschafts- a Finanzminister Roland Lescure, iwwerdeems d'Rachida Dati nees de Kulturministère iwwerhëlt an de Gérald Darmanin un der Spëtzt vum Justizministère bleift, wéi et an engem Communiqué aus dem Elysée heescht.

Déi 65 Joer al Aarbechts- a Gesondheetsministesch Catherine Vautrin iwwerhëlt de Verdeedegungsministère vum Lecornu. Neien Inneminister gëtt de Laurent Nuñez. De fréiere Chef vun der SNCF, Jean-Pierre Farandou, kritt den Aarbechtsministère. D'Monique Barbut, d'Presidentin vun der Organisatioun WWF a Frankräich, iwwerhëlt den Ëmweltministère, den Edouard Geffray d'Educatioun an de Vincent Jeanbrun de Ministerposte fir Stadentwécklung a Wunnengsbau.

D'Regierung besteet aus 34 Memberen.

Bis en Dënschdeg muss d'Regierung schonn een Entworf vum Haushalt fir d'Joer 2026 virleeën, fir datt dësen nach fristgerecht op den Instanzewee bruecht ka ginn. D'Verfassung a Frankräich gesäit nämlech vir, datt d'Parlament 70 Deeg Zäit huet, fir de Budget ze préiwen, dat virum 31. Dezember.

De Sébastien Lecornu war e Sonndeg den Owend am Élysée-Palais beim President Emmanuel Macron. De Macron fiert nach an der Nuecht op e Méindeg an Ägypten fir um Noost-Sommet deelzehuelen.