518 Automobiliste goufen zu Gilsdref kontrolléiert, ee Fürerschäi gouf agezunn

© Nicolas Guyonnet / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Op Uerder vum Parquet war e Sonndeg tëscht 19.45 an 21.15 Auer eng grouss-ugeluechten Alkoholkontroll an der Rue du pont zu Gilsdref.
518 Automobiliste goufe kontrolléiert. A 6 Fäll war den Alkoholtest positiv, ee Fürerschäi gouf agezunn.
E Sonndeg den Owend ass zu Esch en Automobilist opgefall, deen an der Rue des Noyers am Zickzack ënnerwee war. De Chauffer konnt ugehalen a kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
E Sonndeg den Owend gouf zu Wëlwerwolz en Auto gemellt, dee matten op der Strooss stoe géif. Eng Policepatrull ass sech d'Saach ukucke gaangen a konnt do och de Chauffer untreffen. Dësen hat ze vill Alkohol intus an e provisorescht Fuerverbuet war d'Konsequenz. .