E Projet, deen et engem erlabe soll, genee déi passend Unzuel vu Raim ze lounen

© AFP (Archiv)
Am Kader vun der Semaine du Logement gouf de Projet "Diez Habitaciones" oder "110 Raim" presentéiert.
Dëst op enger Konferenz iwwer Innovatioun am Wunnengsbau.
Am Gespréich mat RTL huet d'Anna Puigjaner, déi als Dokter an der Architektur och Coursen op verschiddenen Unien hält, an där hir Aarbechten ënner anerem schonn am MoMa zu New York oder op der Biennale zu Venedeg ausgestallt goufen, erkläert, wourëms et beim Projet geet, dee vum Architektebüro, dee si mat gegrënnt huet, ausgeschafft gouf.
D’Gebai, ëm dat et beim Projet geet, huet am Ufank aus Wunnenge mat fënnef Zëmmer bestanen, mä well Familljekonstellatioune sech änneren an d’Leit dowéinst dacks méi eng grouss oder méi eng kleng Wunneng sichen, hunn d’Architekte sech iwwerluecht, d’Residence esou ze renovéieren, datt ee sou vill Raim ka lounen, wéi ee brauch an déi matenee ka verbannen, erkläert d'Architektin:
"Dat besonnescht ass, datt een aus all Raum bal alles maache kann. Souguer d’Kiche kann een an egal wéi een Zëmmer maachen, dank der Positioun vun den techneschen Ekipementer, déi am Buedzëmmer sinn a physesche Kontakt mat all de Raim hunn. D’Locatairë sinn also déijéineg, déi decidéieren, wou d’Kichen ass, wou d’Stuff, wou d’Schlofzëmmer a wéi vill Raim se hunn."
A genee dat kann ee mat der Zäit änneren: wann engem d’Wunneng ze grouss gëtt, kann ee Raim zeréckginn, wa se ze kleng gëtt, kann ee vergréisseren, seet d’Architektin, déi och grousse Wäert op Plaze leet, wou d’Leit sech kënne begéinen.
Zu Barcelona ass et ënnert anerem e gemeinsame Gaart, mä d’Anna Puigjaner denkt och u Gemeinschaftskichen, wou all d’Leit kéinten zesummekommen.
Donieft ënnersträicht si, datt et am soziale Wunnengsbau och wichteg wier, bei der Konstruktioun drop opzepassen, datt d’Fraisen duerno net enorm héich sinn. Den Design misst gutt duerchduecht sinn, esou datt den Energieverbrauch dono net explodéiert. Esou e Projet huet hiren Architektebüro och an der Géigend vu Barcelona realiséiert. Do gouf zum Beispill mat engem Wandkanal dofir gesuergt, datt et am Gebai ëmmer frësch ass:
"Dee fänkt d’Loft vum Mier op a bréngt se duerch e klenge Gank an d’Gebai. Et war eis ganz wichteg, d’Benotze vu Klimaanlagen ze reduzéieren a si ginn effektiv dank dësem Wandkanal net genotzt."
Donieft géif d’Gebai och mat Stoff virun der Sonn geschützt ginn an et wier mat Materialie gebaut, déi géife verhënneren, datt permanent Ënnerhalt muss bezuelt ginn. Et géif een zum Beispill e Buedembelag benotzen, bei deem duerch d’Optik Téitschen net opfalen.